Vahid Selimovic
lëtzebuergesch-serbesche Foussballspiller
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Vahid Selimovic, méi exakt Selimović (cyrl: Вахид Селимовић), gebuer den 3. Abrëll 1997 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesch-serbesche Foussballspiller op der Verdeedeger-Positioun[1].
Vahid Selimovic | |
---|---|
Gebuer |
3. Abrëll 1997 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg, Serbien |
Aktivitéit | Foussballspiller |
Positioun oder Spezialitéit | Zenter-Back |
Gréisst | 190 cm |
Gewiicht | 75 kg |
Veräin/Ekipp | FC Metz |
Zanter dem Januar 2019 spillt de Selimovic beim Club Apollon Limassol (CYP). Virdrun huet hie beim FC Metz gespillt[2].
Hien huet den 2. Juni 2019 fir d'éischt an der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp gespillt. An dësem Debutmatch géint Madagaskar huet hien och säin éischte Gol geschoss[3].
De Vahid Selimovic ass vu bosnesch-serbescher Ofstamung[4]. Säi Papp ass de bosnesche Foussballtrainer Nedzib Selimović, a säi Brudder ass den Irfan Selimović, e Foussballspiller deen d'serbesch Nationalitéit huet. Se schaffen a wunnen all zu Lëtzebuerg[1].
Referenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 Archive copy Archivéiert de(n) 02.06.2019. Gekuckt de(n) 02.06.2019.
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 02.06.2019. Gekuckt de(n) 02.06.2019.
- ↑ https://www.rtl.lu/sport/news/a/1356890.html
- ↑ https://www.wort.lu/fr/sport/football-avec-le-selectionneur-de-la-bosnie-bazdarevic-le-luxembourg-est-un-modele-56f122671bea9dff8fa74e24