Erny Brenner

lëtzebuergesche Foussballspiller

Den Ernest "Erny" Brenner, gebuer den 13. September 1931 zu Diddeleng, a gestuerwen den 9. Juli 2016 zu Esch-Uelzecht[1], war e lëtzebuergesche Foussballspiller.[2]

Erny Brenner
Den Erny Brenner uewen den drëtte vu lénks
Gebuer 13. September 1931
Diddeleng
Gestuerwen 9. Juli 2016
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Ofwierspiller
Veräin/Ekipp FC Aris Bouneweg,
Stade Dudelange,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp

Tëscht dem 10. Abrëll 1955 am 19. September 1965 huet hien a 67 Matcher fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp 5 Goler geschoss.[3]

Mat 12 Joer huet den Erny Brenner beim Stade Diddeleng ugefaangene Foussball ze spillen. Duerno ass e bei d'Aris Bouneweg gewiesselt. Mat 21 Joer ass hien erëm zeréck bei de Stade Diddeleng gewiesselt, wou e bis 1965 als Back a Kapitän gespillt huet.

Den Erny Brenner war bestuet an huet ee Kand. Säi Bouf Romain war och Foussballspiller zu Diddeleng an ass fir den Ament (2016) Vizepresident vum F91.

Referenzen änneren

  1. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 12. Juli 2016, S.53
  2. Den Erny Brenner op der Websäit profoot.lu
  3. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Erny Brenner op der Websäit vun European Football