Olympesch Summerspiller 1928

Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Olympesch Summerspiller 1928, offiziell Spiller vun der IX. Olympiad, goufe vum 17. Mee bis den 12. August 1928 zu Amsterdam an Holland organiséiert.

Spiller vun der IX. Olympiad
Olympesch Summerspiller
Land Holland
Stad Amsterdam
Ufanksdatum 28. Juli 1928
Schlussdatum 12. August 1928
opgemaach vum/vun der Heinrich zu Mecklenburg
Olympeschen Eed Harry Dénis
Kompetitiounen 109 a 14 Sportaarten
Ekippen 46
Athleeten 2.883
Spiller virdrun Olympesch Summerspiller 1924
Spiller duerno Olympesch Summerspiller 1932
Um Spaweck https://olympics.com/en/olympic-games/amsterdam-1928
„Rugby“, d'Bild mat deem de Jean Jacoby d'Goldmedail gewonnen huet

Et war déi éischt Kéier, datt d'Olympesch Flam ugefaange gouf an datt Dauwe fléie gelooss goufen.

Eng aner Neierung war, datt déi griichesch Athleeten op der Erëffnungszeremonie als éischt an de Stadion eragaange sinn an datt déi hollännesch Ekipp den Ofschloss gemaach huet. Dës Reiefolleg, Griicheland am Ufank an d'Gaaschtland zum Schluss, gouf duerno e Bestanddeel vum olympesche Pretekoll.

Participanten änneren

Et hu 46 Natioune mat am Ganzen 2.883 Olympioniken (277 Fraen an 2.606 Männer) un 109 Kompetitiounen a 14 Sportaarte matgemaach.

Participatioun vu Lëtzebuerg änneren

Lëtzebuerg war zu Amsterdam mat 49 Athleete vertrueden. D'Lëtzebuerger hu keng Medail an de Sportskompetitioune gewonnen, de Jean Jacoby krut awer – no 1924 zu Paräis – seng zweet Goldmedail am Olympesche Konschtconcours.

Zënter 1900 war et déi 5. lëtzebuergesch Participatioun bei den Olympesche Summerspiller.

Participante pro Sportaart änneren

  Boxen änneren

  Foussball änneren

  Gewiichthiewen änneren

  Liichtathleetik änneren

  Cyclissem änneren

  Réngen änneren

  Schwammen änneren

  Turnen änneren

  Wasserpolo änneren

Participant am Konschtconcours änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Olympesch Summerspiller 1928 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren