Den Nándor Lengyel, gebuer de 6. Juni 1914 a gestuerwen den 9. Januar 1968, war en ungaresche Foussballtrainer[1].

Nándor Lengyel
Gebuer 6. Juni 1914
onbekannt
Gestuerwen 9. Januar 1968
onbekannt
Nationalitéit Ungarn
Aktivitéit Foussballtrainer, Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Mëttelfeldspiller

Am Ufank vun der Foussballcarrière (1937) war de Lengyel kuerz e Spiller: hie gouf just 2 Matcher gespillt[2].

Hien huet vum 25. September 1955 bis de 24. Mee 1959 déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp als Trainer betreit. An där Zäit huet d'A-Ekipp 25 offiziell Lännermatcher gespillt[3].

Vun de 25 Matcher huet Lëtzebuerg ënner senger Leedung 6-mol gläichgespillt, 14-mol verluer, a 5-mol gewonnen: 6-4 géint d'B-Ekipp vun der Belsch (1956), 4-1 an 2-0 géint d'B-Ekipp vun der Schwäiz (1956 a respektiv 1959), 3-1 géint d'B-Ekipp aus England (1959) a virun allem déi legendär 4-1-Victoire géint d'B-Ekipp vun Däitschland den 1. Mee 1958[4].

Trainercarrière änneren

Gielercher änneren

  • 2. Plaz an der Oberliga-Südwest (gläichzesetzen mat der häiteger Zweet Bundesliga) 1965 mat Worms. (Déi doropfolgend Barragematcher konnt Worms awer net gewannen, an huet deemno den Opstig an d'Bundesliga verpasst.)
  • 3. Plaz an der Oberliga-West (gläichzesetzen mat der häiteger Zweet Bundesliga) 1961 mat Schalke.

Referenzen änneren

  1. Den Nándor Lengyel um Site worldfootball.net
  2. Lengyel Nándor. Népsport, II. évf. 192. sz. (1946. nov. 28.) 3. o.
  3. D'Lëscht vun de Lännermatcher vun der lëtzebuergescher Nationalekipp ënner dem Nándor Lengyel
  4. http://www.profootball.lu/Navigation+2/Heures+de+Gloire+Eq_Nationale/LUXBG_DEUTSCHL+B++4_1+01_05_1958.html