De Léon Letsch, gebuer den 23. Mee 1927 zu Mamer, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.[1]

Léon Letsch
Gebuer 20. Mee 1927
Mamer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Stiermer
Veräin/Ekipp C.A. Spora Lëtzebuerg,
C.A. Spora Lëtzebuerg,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp

Tëscht dem 4. Mee 1947 am 11. Mee 1961 huet de Léon Letsch an 53 Matcher fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp 10 Goler geschoss.[2]

Vun 1950 bis 1953 huet hie bei der franséischer Profisekipp vum C.O. Roubaix-Tourcoing gespillt.

1952 war hien an der lëtzebuergescher Selektioun bei den Olympesche Summerspiller zu Helsinki.[3]

Hien ass bestuet mat der Nicole Frantz, Duechter vum Vëlossportler Nicolas Frantz.

Auszeechnungen änneren

Kuckt och änneren

Literatur zum Theema änneren

  • Bressler Henri: NICOLAS FRANTZ - Quand nos grands-pères parlaient du Tour de Frantz, S. 126 - S. 127, éditions saint-paul, ISBN 978-2-87963-677-1

Referenzen änneren

  1. De Léon Letsch op der Websäit vu sports-reference.com
  2. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Léon Letsch op der Websäit vun European Football
  3. De Léon Letsch op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
  4. 30-06-2008:Promotion dans les ordres nationaux »: Les anciens « Olympiens » luxembourgeois à l'honneur