Jules Gales
lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik
De Julien Gales genannt Jules, gebuer den 13. Juli 1924 zu Bech-Maacher, a gestuerwen den 22. Mee 1988 zu Réimech, war e lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik[1].
Jules Gales | |
---|---|
Gebuer |
13. Juli 1924 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
22. Mee 1988 Réimech |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller |
Positioun oder Spezialitéit | Mëttelfeldspiller |
Veräin/Ekipp | C.A. Spora Lëtzebuerg |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1948 |
Hie stoung bei der Spora ënner Vertrag an huet an der Stiermerpositioun gespillt, wou en dräi Joer hannereneen (1949, 1950 an 1951) déi meescht Goler an der Foussball Nationaldivisioun geschoss huet.
Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1948 zu London an 1952 zu Helsinki vertrueden.[2]
Tëscht dem 2. Mee 1948 am 20. Juli 1952 huet de Jules Gales a 26 Matcher 11 Goler fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp geschoss.[3]