Schlass Wolz

Schlass zu Wolz

D'Schlass vu Wolz ass e Schlass zu Lëtzebuerg, deem seng haiteg Konstruktioun deelweis op d'Joer 1573 zeréckgeet. Et ass ë. a. bekannt, well do all Joer de Wëlzer Festival ofgehale gëtt.

Schlass Wolz
D'Wëlzer Schlass
Typ Schlass,
staatleche Musée
Land Lëtzebuerg
Gemeng Wolz
Plaz Wolz
Koordinaten 49° 57’ 58.50’’ N
      5° 56’ 17.48’’ E
Proprietär Lëtzebuerger Staat
Statut Klasséiert Monument

Geschicht änneren

Am 13. Joerhonnert hunn d'Häre vu Wolz eng Buerg op engem Fielsvirspronk gebaut, an domat och d'Entwécklung vun der Uewerstad vu Wolz (Uewerwolz) an d'Weeër geluecht. 1388 hunn d'Fransouse Wolz ugegraff an d'Buerg ofgebrannt; se gouf awer geschwënn nees opgebaut.

1453 gouf Wolz op en Neits ugegraff, dës Kéier vun den Truppe vum Philippe III. vun der Bourgogne. De sougenannten Hexentuerm ass den eelsten Deel vum Schlass deen haut nach erhalenen ass. Ënner dem Grof Jean VI. vu Wolz gouf 1631 mam Bau vum Schlass am Renaissance-Stil ugefaangen. Duerch den Drëssegjärege Krich goufen d'Aarbechten ënnerbrach, soudatt d'Haaptgebai eréischt géint 1720 fäerdeg gouf. Déi al Kapell war 1722 fäerdeg gebaut, an déi monumental Trap erof an d'Gäert 1727.

1907 hunn d'Schwëstere vun der Doctrine chrétienne vun Nanzeg e dräistäckegt Gebai an de Gäert op der Südsäit opgeriicht.

1951 huet de Lëtzebuerger Staat d'Schlass kaf fir en Altersheem dran anzeriichten[1],[2]. D'Schlass gouf den 1. Juli 2011 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen.[3]

Zanter 2012 bitt eng belsch Privatschoul (Brookins Business Institute) am Schlass Coursë fir Hotelmanagement un[4].

De Wëlzer Festival änneren

Zanter 1953 gëtt beim Wëlzer Schlass all Joer en internationale Museksfestival organiséiert, dee gewéinlech vun Enn Juni bis Mëtt Juli dauert[5].

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Wëlzer Festival.

Muséeën am Schlass änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Schlass Wolz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Le Château de Wiltz", Syndicat d'Initiative et de Tourisme de Wiltz. Gekuckt 18. Abrëll 011.
  2. "Wiltz: The castle", Association des châteaux luxembourgeois. Gekuckt 18. Abrëll 2011.
  3. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  4. "Wolz: Belsch Hotelsschoul plënnert an d'Wëltzer Schlass." RTL.lu - 15.09.2011, 10:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 15.09.2011, 11:24.
  5. "Websäit vum Wëlzer Festival". Gekuckt den 18. Abrëll 2011.
  6. "Musée de la Tannerie", Syndicat d'Initiative de Wiltz. Gekuckt 19. Abrëll 2011.