Wolzer Festival

(Virugeleet vu(n) Wëlzer Festival)

De Wolzer (oder Wëlzer) Festival, offiziell: Festival de Wiltz, ass e Musek- an Theaterfestival, deen zanter 1953 all Joer an de Méint Juni a Juli zu Wolz am Fräiliicht-Amphitheater beim Wolzer Schlass organiséiert gëtt.

D'Fräiliichtbün beim Schlass

Zanter 1991 ass den Amphitheater, dee ronn 1000 Sëtzplaze bitt, iwwerdaacht.

Am Ufank stoung just Theater um Programm, duerno sinn déi meescht Museksrichtungen no an no derbäikomm: Klassik, Oper an Operett, awer och am Beräich Jazz, Musical a World Musek gëtt eppes gebueden. Am Laf vun der Zäit war et sou méiglech, vill grouss Artisten op Lëtzebuerg z'engagéieren, vill dovu fir déi éischt Kéier.

D'Lëscht vun den Jazzmuseker z. B., déi zu Wolz gespillt hunn, liest sech wéi en Who's who vun der Jazzgeschicht:

Um Spaweck änneren