Syndicat intercommunal de dépollution des eaux résiduaires du Nord

interkommunale Syndikat
(Virugeleet vu(n) SIDEN)

De Syndicat intercommunal de dépollution des eaux résiduaires du nord, ofgekierzt SIDEN, ass e grenziwwerschreidenden interkommunale Syndikat am Norde vu Lëtzebuerg.

SIDEN
D'Kläranlag vum SIDEN zu Maarnech
Syndicat intercommunal de dépollution des eaux résiduaires du nord
Secteur Ofwaasser
Leedung Ali Kaes
Verwaltungssëtz Bleesbréck
Membergemengen Ärenzdallgemeng, Bauschelt, Bettenduerf, Biissen, Buerschent, Colmer-Bierg, Dikrech, Ëlwen, Esch-Sauer, Ettelbréck, Feelen, Fiels, Géisdref, Groussbus-Wal, Hiefenech, Ierpeldeng op der Sauer, Kiischpelt, Klierf, Konsdref, Mäerzeg, Noumer, Parc Housen, Pëtschent, Rammerech, Reisduerf, Schieren, Stauséigemeng, Tandel, Veianen, Wäiswampech, Wanseler, Wëntger, Wolz, Verbandsgemeng Neierbuerg, Südeifelwerke
Gegrënnt 23. Mäerz 1994
Websäit http://www.siden.lu

Den Ofwaassersyndikat këmmert sech ëm d'Ofwaasser an alles, wat domat ze dinn huet, vu ronn 84.000 Leit aus de 34 lëtzebuergesche Membergemengen[1]. Do derbäikommen och nach zwéi Memberen an Däitschland.

De SIDEN exploitéiert 331 Ofwaasserkollekteren, 92 mechanesch an 89 biologesch Kläranlagen[1].

Geschicht änneren

De SIDEN gouf duerch en Arrêté grand-ducal vum 23. Mäerz 1994[2] agefouert. D'Statute goufen den 29. Oktober 2007 geännert[3].

De Verwaltungssëtz vum Syndikat ass an der Kläranlag op der Bleesbréck; President vum SIDEN ass den Ali Kaes.

Membergemengen änneren

Lëtzebuergesch Memberen änneren

Auslännesch Memberen änneren

Südeifelwerke Irrel AöR änneren

Zanter 2014 sinn d'„Südeifelwerke Irrel AöR“ - als rechtlech Nofollger vun der der däitscher Uertsgemeng Irrel a Rheinland-Pfalz - Member vum SIDEN[4]. D'Memberschaft geet zeréck op e Beschloss vum deemolege Gemengerot vun Irrel vum 25. November 2009[5].

432 Awunner vun Irrel profitéiere vum Uschloss un de SIDEN[4].

VG Neuerburg änneren

D'Verbandsgemeng Neierbuerg aus dem rheinland-pfälzechen Äifelkrees Béibreg-Prüm ass och un de SIDEN ugeschloss[6].

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Syndicat intercommunal de dépollution des eaux résiduaires du Nord – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 Les communes membres du SIDEN. www.siden.lu. Gekuckt de(n) 15.08.2020.
  2. Arrêté grand-ducal du 23 mars 1994 autorisant la création d'un syndicat intercommunal de dépollution des eaux résiduaires du nord (SIDEN). legilux.public.lu (15.04.1994). Gekuckt de(n) 15.08.2020.
  3. Arrêté grand-ducal du 29 octobre 2007 portant approbation des nouveaux statuts du Syndicat intercommunal de dépollution des eaux résiduaires du nord, en abrégé «SIDEN». legilux.public.lu (15.11.2007). Gekuckt de(n) 15.08.2020.
  4. 4,0 4,1 Commune de Südeifelwerke Irrel AöR. www.siden.lu/Communes. Gekuckt de(n) 15.08.2020.
  5. Arrêté grand-ducal du 7 novembre 2014 autorisant l'adhésion des communes de la «Südeifelwerke Irrel AöR» au Syndicat Intercommunal de Dépollution des Eaux Résiduaires du Nord, en abrégé «SIDEN». legilux.public.lu (17.12.2014). Gekuckt de(n) 15.08.2020.
  6. Commune de VG Neuerburg. www.siden.lu. Gekuckt de(n) 15.08.2020.
Interkommunal Syndikater
Am Haff | An der Schwemm | BILLEK | CM-Nord | De Réidener Kanton | DEA | Ecole de musique du canton de Redange | Ecole régionale Uewersauer | FILANO | HIS | Les Thermes | Maintien à domicile-Medernach | MINETT-KOMPOST | Naturpark Uewersauer | Naturpark Our | Pidal | PIMODI | PRO-SUD | Réidener Schwemm | Résidence des Ardennes Clervaux | Schoulkauz | SEBES | SEC | SES | SESE | SESF | SIACH | SIAEE | SIAEG | SIAER Triangle Vert | SIAS | SICA | SICEC | SICLER | SICONA Sud-Ouest | SICONA-Centre | SICOSPORT KAYLDALL | SIDEC | SIDEN | SIDERE | SIDERO | SIDEST | SIDOR | SIFRIDAWE | SIGI | SIGRE | SIKOR | SISPOLO | SIT | SITEG | SIVEC | SPIC | STEP | SYCOPAN | SYCOSAL | Syndicat Müllerthal | SYNECOSPORT | Syrdall Schwemm | SYVICOL | TICE | ZAMID | ZANO | ZARE | ZARO | ZARW