Justizkräiz (Wolz)

Justizkräiz zu Wolz

D'Justizkräiz zu Wolz ass e Justizkräiz, dat zu Wolz an der Groussgaass, no beim Wëlzer Stadhaus, steet. Et ass 5 m héich a gouf 1502 vum Gérard V. vu Wolz a vu senger Fra, der Elisabeth vu Buerschent, opriichte gelooss. Et symboliséiert d'Justiz-, Fräiheets- a Maartrecht, dat Wolz zanter dem 13. Joerhonnert hat.[1]

Justizkräiz
Typ Justizkräiz
Land Lëtzebuerg
Gemeng Wolz
Koordinaten 49°57'57,78"N, 5°56'13,31"O
Opgeriicht 13. Joerhonnert
Statut Klasséiert Monument
Säit mat der Muttergottes.

Drop ze gesinn sinn d'Wope vun de Famille vu Wolz, Buerschent, Bettstein a Bellenhausen. Am 16. Joerhonnert gouf eng Muttergottesstatu op der nordëstlecher Säit dru gesat, a géint 1750-1770, nodeem Wolz vun engem Feier 1748 zerstéiert gi war, op der südwestlecher Säit eng Statu vum Bommenzinnes, déi de Wëlzer Sculpteur Nicolas Jacques gemaach huet.

An der Zäit vun der Franséischer Revolutioun an am Zweete Weltkrich gouf d'Geriichtskräiz beschiedegt, an duerno all Kéier nees restauréiert.

Als eenzegt Original-Justizkräiz am Lëtzebuerger Land gouf et de 15. Februar 1937 als nationaalt Monument klasséiert.[2]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Justizkräiz (Wolz) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Quell, wou net anescht uginn: Informatiounsplack beim Kräiz (Sentier culturel, no. 3).
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).