Claude Schmit (Regisseur)

Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Theaterregisseur, Schauspiller an Auteur Claude Schmit. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Claude Schmit.

De Claude Schmit, gebuer den 11. Juli 1947 zu Wolz[1], ass e lëtzebuergeschen Acteur, Theaterregisseur, Auteur a pensionéierte Lycéesprofesser.

Claude Schmit
Gebuer 11. Juli 1947
Wolz
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schauspiller, Theaterregisseur, Lycéesprofesser, Schrëftsteller

Hien ass virun allem bekannt als Regisseur vun enger Rëtsch Theaterstécker a franséischer Sprooch fir den TOL, an Émissiounen iwwer Reesen an d'Philosophie um radio 100,7.

Formatioun a Karriär änneren

De Claude Schmit huet Philosophie an Däitschland an a Frankräich an duerno Theaterwëssenschafte studéiert.[2]

Vun 1986 bis 1988 huet hien d'Jeunesses théatrales geleet.[3]

Bis zu senger Pensioun huet de Claude Schmit Philosophie a Franséisch am Stater Kolléisch enseignéiert.

Hien ass zanter 1993 fräie Mataarbechter vum Radio 100,7, wou hien (Stand 2012) déi philosophesch Emissioun Usiichten animéiert.

2012 huet hie säin éischte Roman (La tristesse du Hibou) publizéiert. 2014 krut e fir säin zweete Roman Emile: Un enfant des Lumières den 1. Präis beim Nationale Literaturconcours.

Publikatiounen (Auswiel) änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

  • La tristesse du Hibou op der Websäit vun den Éditions Phi [1]

Referenzen an Notten änneren

  1. Luxemburger Lexikon, 2006, S. 386
  2. Jaquette vum Buch La tristesse du Hibou.
  3. Luxemburger Lexikon, S. 386; Jaquette vum Buch La tristesse du Hibou.