De Robert "Gollo" Steffen, gebuer den 30. Oktober 1952 zu Wolz, ass e lëtzebuergesche Museker, Schrëftsteller an Editeur, deen 1988 de Buch- a Musekverlag Op der Lay zu Esch-Sauer gegrënnt huet.

Gollo Steffen
Pseudonym Gollo
Gebuer 30. Oktober 1952
Wolz
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Museker, Iwwersetzer, Komponist, Schrëftsteller, Lycéesprofesser, Editeur

Hien ass bekannt ënner dem Numm Gollo Steffen, mat lëtzebuergesche Lidder wéi z. B.:

  • Nr. 60110
  • Amerika läit jhust viroan Ëlwen

Vun 1988 bis 2005 war hie Schäffe vun der Gemeng Esch-Sauer.

Haaptberufflech war hie vun 1978 u bis zu senger Pensionéierung Däitschprofesser a verschiddene Schoulen; Centre d'études professionnelles zu Ettelbréck, Lycée Michel Rodange zu Lëtzebuerg, Lycée du Nord zu Wolz, Lycée classique de Diekirch.

Discographie (Gollo Steffen a Robert Stephen Band) änneren

  • 1980: Du méist lo ufänken (LP)
  • 1982: Ka komme, wat wëllt (LP)
  • 1985: E Bild vun engem Mann (LP)
  • 1989: Gollo 60110 (CD an MC, 2. Oplo 1998))
  • 1994: Gollo Kaddo (EP)
  • 1997: Eng laang Strooss (CD, mat Lidder vun den LPen)
  • 2006: Vum Lämmes Gebass (CD)
  • 2007: Live & lieweg (Live an der Rockhal am Dezember 2006)

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Gollo Steffen – Biller, Videoen oder Audiodateien