Danielle Roster

lëtzebuergesch Musekologin a Konschthistorikerin

D'Danielle Roster, gebuer 1964 zu Wolz, ass eng lëtzebuergesch Musekologin a Konschthistorikerin.

Danielle Roster
Gebuer 1964
Wolz
Aktivitéit Musikolog, Konschthistoriker

Si huet hire Studium zu Salzburg gemaach.

Der Danielle Roster hiert Haaptinteressi dréit ëm Fraen an der Musek. Zanter 1995 ass si mam Fraemuseksënnerstëtzungsprojet EUTERPE vum Fraendokumentatiounszenter Cid-femmes an der Stad Lëtzebuerg chargéiert.

Hiert Geschriwwenes änneren

  • Clara Schumann-Wieck, Éditions Phi, Iechternach, 1993
  • Allein mit meiner Musik. Komponistinnen in der Musikgeschichte, Éditions Phi, Iechternach, 1995.
  • Die großen Komponistinnen, Insel Verlag, Frankfurt am Main, 1998
  • Les Femmes et la création musicale, iwwersat aus dem Däitsche vun der Denise Modigliani, Éditions l'Harmattan, Paräis, 1998

Do kommen nach en ettlech Artikelen a Fachzäitschrëften derbäi, souwéi Texter an CD-Bäilage vun de Musekslabelen Bayer Records, der schweedescher BIS, Timpani a Violet.

De Beméiunge vun der Danielle Roster ass et ze verdanken, datt déi lëtzebuergesch Komponistin Lou Koster (1889-1973) net an de Vergiess koum.

Gielchen änneren

Referenzen änneren

  1. Lëscht vun de Leit déi 2015 am Staatsministère mat engem nationalen Uerden dekoréiert goufen publizéiert op www.tageblatt.lu