Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Jardin de Wiltz ass e liewegt Konschtwierk aus Terrassen, Steefelder, Waasserflächen, klenge Baachen, Planzen, Hecken a Skulpturen. Den 2,5 ha grousse Gaart läit an der "Rue de la montagne" am Süde vu Wolz an ass all Dag fir jiddwereen op.

Jardin de Wiltz - 30. Mee 2008

De Gaart gëtt vu behënnerten an aarbechtslose Matmënschen, Participanten un temporäre Projeten, Handwierker a Kënschtler entwéckelt a gefleegt.

De Gaart ass eng vun de 6 Lëtzebuerger Statioune vun der Europäescher Strooss vum Fridden, ënner anerem mat dem Konschtwierk "Sculpture-Fontaine" vum lëtzebuergesche Kënschtler Pit Nicolas.

Geschicht änneren

De Projet Jardin de Wiltz gouf 1983 vu Kënschtler initiéiert, ënner deenen och Lëtzebuerger waren, fir nei Modeller vu kënschtlerescher Aarbecht am ëffentlechen a soziale Raum z'entwéckelen.

1990 gouf de Veräi Coopérations gegrënnt, fir als organisatoresch Plattform fir de Jardin de Wiltz ze déngen. D'Gemeng Wolz huet als Besëtzer vum Terrain d'Gestioun vum Gaart u Coopérations iwwerdroen.

De Projet gëtt aus follgende Quelle finanzéiert:

Medienalbum änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Jardin de Wiltz – Biller, Videoen oder Audiodateien