Roger Leiner

lëtzebuergesche Comiczeechner

De Roger Leiner, gebuer den 2. Februar 1955 zu Wolz a gestuerwen den 29. Dezember 2016[1] zu Ettelbréck, war e lëtzebuergesche Comicszeechner, Illustrateur a Karikaturist.

Roger Leiner
Pseudonym airelle, LR, Reniél, M.A. Rienel, RL
Gebuer 2. Februar 1955
Wolz
Gestuerwen 29. Dezember 2016
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Cartoonist, Fonctionnaire, Karikaturist, Zeechner
De W-Sherlock - Originalzeechnung vum Roger Leiner fir d'lëtzebuergesch Wikipedia.

No sengem Lycée zu Dikrech huet de Roger Leiner op der "Université des Sciences Humaines" zu Stroossbuerg Arts plastiques studéiert. Vun 1979 bis 1986 war hie Staatsbeamten am Wirtschaftsministère. Duerno war hien haaptberufflech Zeechner a Karikaturist.

Ufanks vun den 1980er Joren huet hie fir d'Filmrubrik am Tageblatt gezeechent, an zanter dem Dezember 1982 huet en all Woch Karikature fir d'Lëtzebuerger Land[2] gemoolt.

Vun 1987 bis 2014 huet hien zesumme mam Lucien Czuga de Superjhemp erausbruecht.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Superjhemp.

Aner Wierker vun him a vum Lucien Czuga sinn:

  • Jimmy (1992)
  • De stolen A (1991)
  • Déiererubrik I (1992)
  • Déiererubrik II (1994)
  • De Pechert 1 (1989)
  • De Pechert 2 (1993)
  • De Pechert 3 (Pechert Melba) (2002)
  • natur & déieren (zesumme mam Butz Welter, 2008)
  • Vum Siggy bis bei d'City (2015)
  • Hot Cuisine (2016)

Ausserdeem huet de Roger Leinert eng Abberzuel vun Illustratioune fir Pechbiller, Buchcoveren, Schoulbicher, Plakater, Invitatiounen, Reklammen, asw. gezeechent,

Hie war bestuet a Papp vun dräi Kanner.

Literatur änneren

  • Revue Nr. 12 vum 19. Mäerz 2014, S. 18-23: Poznennö! - 25 Jahre Superjhemp (Interview mam Roger Leiner a Lucien Czuga)

Unerkennungen änneren

  • Zu Conter ass eng Strooss no him genannt (Rue Roger Leiner)[3]

Um Spaweck änneren

Commons: Roger Leiner – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Ee vun de Pappe vum Superjhemp ass dout." rtl.lu, Leschten Update: 29.12.2016, 20:01:52
  2. Das Land von A-Z Archivéiert op 2016-03-04. Gekuckt de(n) 2015-10-16.
  3. Conter Gemengerot benennt Strooss nom Roger Leiner op rtl.lu, gekuckt den 10. Mäerz 2017