Tutschemillen
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Tutschemillen[1] ass eng fréier Millen an e Lieu-dit an der Gemeng Wolz. D'Mille läit am Dall vun der Wolz, ronn 800 m ëstlech vun der Stad Wolz a Richtung Kautebaach, direkt nieft der Wëlzer Kläranlag.
Tutschemillen | |
---|---|
D'Tutschemillen | |
An anere Sproochen |
fr: Kautenbach de: Kautenbach |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Wolz |
Gemeng | Wolz |
Buergermeeschter | Carole Petitnicolas-Weigel (CSV) |
Koordinaten |
49° 57’ 56.88’’ N 05° 57’ 04.66’’ O |
Mat dem Zuch kënnt een dohin iwwer d'CFL-Halt Paradiso déi knapps zweehonnert Meter dovun ewech läit.
Geschicht
ännerenDat gréisst Gebai staamt aus dem Joer 1760.
De Scoutschalet
änneren1975 huet d'A.s.b.l. Scouts de Wiltz domat ugefaangen, e Scoutschalet an der Millen anzeriichten, deen 1979 ageweit gouf. D'Tutschemillen ass 1996 komplett ofgebrannt a gouf am selwechte Joer nees vun de Scouten opgeriicht.
Als Erënnerung un den Initiateur vun dësem Projet, de Scoutschef Eugène Weber[2] (1912-1982), gouf 1997 eng kleng Plack um Haaptgebai festgemaach.
Zwee Gebaier kënne fir Scoutscampen, Schoulkolonien a privat Zwecker gelount ginn:
- D'Haus Jim (fréier deels Stall, deels Scheier): um Rez-de-chaussée ass e grousse Séjour an eng Kichen, um Stack sinn dräi Dortoire mat jeeweils 2, 4 a 7 Better an de Sanitairen.
- Disco-Saloon (al Scheier): e Festsall deen zesumme mat dem Haus Jim gelount ka ginn. An de Fënstere si Glasmolereie vun de Wëlzer Scouten déi d'Scoutswopen aus 24 Länner presentéieren.
Illustratiounen
änneren-
Vue vu Westen (Tutschewee)
-
Eugène-Weber-Plack
Um Spaweck
ännerenCommons: Tutschemillen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Notten
änneren- ↑ Et gëtt och nach follgend Schreifweisen: Toutschemillen, Toutschenmillen (cf. d'Plackett an der Galerie vun den Illustratiounen).
- ↑ Cf. d'Plackett an der Galerie vun den Illustratiounen: "A la mémoire / d'Eugène Weber (1912-1982) / Membre fondateur / et chef de groupe des / Scouts St. Sébastien / Pionnier du centre / "Toutschenmillen" / Scouts de Wiltz a.s.b.l. 14.6.97."