Eugène Thilges

lëtzebuergeschen Industriellen a Lokalpolitiker

Den Eugène Thilges, gebuer den 8. Mee 1869 zu Wolz, an och do gestuerwen den 23. Februar 1934[1], war e lëtzebuergeschen Industriellen a Lokalpolitiker.

Eugène Thilges
Gebuer 8. Mee 1869
Wolz
Gestuerwen 23. Februar 1934
Wolz
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Industriellen

Hie war Besëtzer vun der Gierwerei zu Nidderwolz, sou wéi och vun e puer honnert Lougrouwen, engem Deel vum Wëlzer Schlass, engem Hotel an der Groussgaass, enger Metzlerei a soss nach Haiser, Grondstécker a Bëscher, an och sengem Wunnhaus, der Villa Thilges, déi zanter 1966 d'Wëlzer Stadhaus ass.[2]

Den Eugène Thilges gouf 1897 an de Wëlzer Gemengerot gewielt, wou en 1905 Member vum Schäfferot gouf. Den 1. Januar 1925 gouf en, als Nofollger vum Charles Mathieu, Buergermeeschter vun der Gemeng Wolz, a blouf dat bis zu sengem Doud.

Am Ufank vu senger Mandatsperiod huet hie sech ënner anerem ëm den Drénkwaasserproblem an der Stad Wolz gekëmmert, andeems eng interkommunal Waasserleitung bis op Useldeng, ee lokaalt Leitungsnetz a Waasserbehälter gebaut goufen. Och op Dränge vun der Stad Wolz hin gouf de Waassersyndikat Distribution d'Eau des Ardennes (DEA) gegrënnt, vun deem den Eugène Thilges vum 15. Oktober 1929 un bis zu sengem Doud deen éischte President war.[3]

Dem Eugène Thilges huet deen éischten Auto zu Wolz gehéiert.

Hie war de Brudder vum Deputéierte Michel Thilges (1866-1943) dee Besëtzer vum Ierpeldenger Schlass war.

Auszeechnungen änneren


Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 24. Februar 1934
  2. Quell, wou net anescht uginn: John Lamberty: "Rathaus-Geschichten: Wiltz." wort.lu, 30.12.2020.
  3. Emile Lutgen, 2016: „Durich 200 Joer Weeltzer Geschicht gebleedert“, S. 121-139 "Die Amtsperiode von Eugène Thilges".