Paul Wilwertz

lëtzebuergesche Politiker

De Paul Wilwertz gebuer de 7. Abrëll 1905 zu Wolz a gestuerwen den 28. Dezember 1979 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Politiker (LSAP).

Paul Wilwertz
Gebuer 7. Abrëll 1905
Wolz
Gestuerwen 28. Dezember 1979
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch,
Universitéit vu Montpellier
Aktivitéit Politiker
Partei LSAP
Member vun Parlamentaresch Versammlung vum Europarot

No senger Première am Kolléisch huet de Paul Wilwertz op den Universitéiten zu Nanzeg, Montpellier an Toulouse Droit studéiert.

Hien ass an de Staatsdéngscht agetrueden a gouf 1938 en enke Mataarbechter vum Aarbechtsminister Pierre Krier. Hie war Attaché, duerno Conseiller de Gouvernement. Vun 1945 bis 1951 war hien Direkter vum Office national du travail.

1926 ass hien an d'Aarbechterpartei agetrueden, vun 1930 bis 1932 war hie President vun der ASSOSS. An der Aarbechterpartei (vun 1947 LSAP) war hie vun 1945 un am Direktiounscomité, vun 1948-1949 Vizepresident an 1951, dann nees 1955 bis 1959 President.

Hie gouf de 14. Dezember 1945 Member vum Staatsrot an ass dat bliwwe bis zu senger Demissioun den 29. Juni 1954[1] fir du Generalkommissär fir Wirtschaft an der Regierung Bech-Bodson ze ginn. 1957 gouf hie Staatssekretär, an 1958, wéi de Michel Rasquin Kommissär bei der Europäescher Kommissioun gouf, Minister fir Wirtschaft (och an der Regierung Frieden bis zu där hirem Récktrëtt 1959).

Bei de partielle Chamberwalen 1951 ass hien an d'Chamber gewielt ginn, huet d'Mandat awer net ugeholl fir Member am Staatsrot ze bleiwen.

Vun 1964 bis 1969 war de Paul Wilwertz Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg. 1968 gouf hien nach eng Kéier Deputéierten, a war 1969 - 1974 Vizepresident vun der Chamber.

Vum 30. Dezember 1959 bis de 16. Dezember 1968 war hie nees Member vum Staatsrot[1].

Weiderhi war de Paul Wilwertz vun 1940 bis 1941 a vun 1945 bis 1967 President Fédération du sport cycliste luxembourgeois a Vizepresident vun der Union cycliste internationale. Vun 1960 bis 1970 war hie President vum Comité olympique et sportif luxembourgeois.

Fir un hien z'erënneren ass 1981 um Zens eng Strooss no him genannt ginn: d'Rue Paul-Wilwertz[2].

Gielercher änneren

Bibliographie änneren

Kuckt och änneren

Virgänger:
Émile Hamilius
Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg
1964 - 1969
Nofollger:
Colette Flesch

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Membres depuis 1857 op der Websäit vum Staatsrot, gekuckt de 24. Februar 2019
  2. Rue Paul Wilwertz an den Archive vun der Stad Lëtzebuerg; gekuckt den 13. Abrëll 2020
  3. Odre de la Couronne de chêne Auszeechnungen 1960 Memorial A N° 17 vun 1960 Archivéiert op 2014-04-21. Gekuckt de(n) 2013-01-04.