Ger Maas
D'Germaine ("Ger") Maas, gebuer de 4. Februar 1931 zu Wolz, a gestuerwen den 28. Mäerz 2020[1], war eng lëtzebuergesch Molerin a Graphikerin.
Ger Maas | |
---|---|
Gebuer |
4. Februar 1931 Wolz |
Gestuerwen | 28. Mäerz 2020 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler, Graphiker |
Famill | |
Papp | Pierre Maas |
Si huet hire Studium vun 1949 bis 1951 op der École supérieure des arts modernes an der Académie Julian zu Paräis a vun 1952 bis 1956 op der Akademie der Bildenden Künste zu München gemaach. 1961 war si op der Schule des Sehens zu Salzburg, wou si Schülerin vum Oskar Kokoschka war. 1966 huet si eng Zäit an der Cité Internationale des Arts zu Paräis geschafft.
An Däitschland ass d'Ger Maas duerch hir Buchillustratioune vum Gesamtwierk vum Anton Tschechov bekannt ginn (1960 zu München erauskomm).
Am Joer 1968 huet si déi lëtzebuergesch Caritas-Timberen entworf.
An hirem Wierk fënnt ee virun allem Landschaften, Fraeporträten a floral Motiver.
Ausstellungen
änneren- 1955, Galerie Stenzel, München
- 1959, Galerie Wierschem, Stad Lëtzebuerg
- 1961, Galerie Montenapoleone, Mailand
- 1963, Galerie d'Art, Esch-Uelzecht
- 1964, Galerie Henning Larsen, Kopenhagen
- 1965, Galerie de l'ortf, Paräis
- 1968, Maison du Benelux, Den Haag
- 1969, Galerie Reflets, Bréissel
- 1972, Galerie Bradtké, Stad Lëtzebuerg
- 1976, Haus der Kunst, Tallinn (Estland)
- 1980, Meridian House International, Washington
- 1985, Galerie Suzel Berna, Antibes
- 1989, 1991, 1993, 1995, 1999, Galerie Clairefontaine, Stad Lëtzebuerg
- 1991, Katholische Akademie, Tréier
- Unie à mes couleurs, 2011, Konschthaus Beim Engel, Stad Lëtzebuerg
Gielchen
änneren- Chevalier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 1976)[2]
Literatur
änneren- Burghagen M., 1999. LuxArt, Lexikon Luxemburger Künstler Édition WFA Exchange, S. 86-87, ISBN 3-925946-01-2
- Herr L., 1992. Anthologie des Arts au Luxembourg Éditions É. Borschette, S. 243-245 ISBN 2-87982-034-0
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Ger Maas – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Annonce am Luxemburger Wort vum 4. Abrëll 2020, Säit 58
- ↑ Des personnalités de la vie culturelle et artistique à l’honneur - Remise de décorations à la Bibliothèque nationale am Luxemburger Wort vum 25. Juni 1976 op der Säit 10 op eluxemburgensia.lu