Haaptmenü opmaachen

De Romain Schneider, gebuer de 15. Abrëll 1962 zu Wolz, ass e lëtzebuergeschen LSAP-Politiker a fréiere Foussballspiller. Hien ass zanter dem 5. Dezember 2018 Minister fir Landwirtschaft a Wäibau, a Minister fir Sozialversécherung an der Regierung Bettel-Schneider-Braz.

Romain Schneider
Informal meeting of ministers responsible for development (FAC). Handshake Sven Mikser and Romain Schneider (36349968873) CROP SCHNEIDER.jpg
Gebuer 15. Abrëll 1962
Wolz
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei LSAP
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Politesch CarrièreÄnneren

De Romain Schneider war vum 1. Januar 1994 bis Juli 2009 am Gemengerot vu Wolz an do vum 1. Januar 2000 u Buergermeeschter.

2004 gouf hien eng éischt Kéier am Walbezierk Norden an d'Chamber gewielt a bis ewell, zulescht bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018[1], allkéiers erëmgewielt.

2009 huet hien op säi Buergermeeschtesch- a säin Deputéiertemandat verzicht, fir an der Regierung Juncker-Asselborn II, Landwirtschafts- a Sportminister, an Delegéierte Minister fir Solidarentwécklung ze ginn. 2013 gouf en zum Minister fir Sport, humanitär Hëllef a Sozialversécherung an der Regierung Bettel-Schneider ernannt.

An der Regierung Bettel-Schneider-Braz ass hien zanter dem 5. Dezember 2018 Minister fir Landwirtschaft a Wäibau, a Minister fir Sozialverécherung.

Sportlech CarrièreÄnneren

De Romain Schneider war Foussballspiller an huet fir den FC Wolz 71 an der Nationaldivisioun gespillt. Hie war och Spiller a Spillertrainer beim FC Green Boys 77 Harlange-Tarchamps. Spéider war hie wärend laange Jore President vum FC Wolz 71.

Um SpaweckÄnneren

Commons: Romain Schneider – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren