Edmond Joseph Klein

lëtzebuergeschen Naturwëssenschaftler an Dramatiker

Den Edmond Joseph Klein, gebuer den 12. Juli 1866 zu Wolz a gestuerwen den 29. Dezember 1942 zu Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Naturwëssenschaftler an Dramatiker. Hien ass den Auteur vun enger ganzer Rëtsch vu wëssenschaftlechen a virun allem populärwëssenschaftlechen Artikelen an de Beräicher vun der Botanik, Zoologie, Agrikultur an der Sozialhygiène.
Hie gouf och "Pappa Klein" genannt.

Edmond Joseph Klein
Gebuer 12. Juli 1866
Wolz
Gestuerwen 29. Dezember 1942
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Botaniker
Member vun Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques vum Institut grand-ducal

Säi Liewen änneren

Den Edmond Klein huet no sengem Lycée 1885 am Kolléisch fir d'éischt Philosophie a Philologie studéiert, ier e spéider gewiesselt huet op Agrar- an Naturwëssenschaften. Mat enger Thees iwwer Die Anatomie und die Physiologie der Pflanzen huet hien 1892 säin Doktorat gemaach, ier e fir d'éischt zu Dikrech a vun 1904 zu Lëtzebuerg am Lycée Biologie enseignéiert huet. Bis 1934 huet hie Botanik an Zoologie um Cours supérieurs an der Stad Lëtzebuerg enseignéiert.

Hie war Member vun der Société d'hygiène sociale et scolaire, der Association nationale d'arboriculture et d'horticulture an der Société des amis des musées.

Den Edmond Klein war vun 1923 bis 1940 President vun der Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques vum Institut grand-ducal. Vun 1896 bis 1906 war hie sechs Joer (all zweet Joer) President vun der Société des naturalistes luxembourgeois.

Säi Wierk änneren

 
Flora der Heimat

Wëssenschaftleches änneren

  • Klein, E.J., 1897. Die Flora der Heimat (sowie die hauptsächlichsten bei uns kultivierten fremden Pflanzenarten biologisch betrachtet. Eine Anleitung zur selbständigen Beobachtung der Lebens- und Anpassungserscheinungen in der Pflanzenwelt). 552 S., Buchdruckerei Justin Schroell, Diekirch.
  • Klein, E.J., 1915. Die Mistel (Viscum album) und ihre Verbreitung im Grossherzogtum Luxemburg. Bull. Soc. Nat. luxemb. 25.1 (Festschrift 1915): 1-80. [1]
  • Klein, E.J., 1916. Hymenophyllum tunbrigense (L.) Sm., das Juwel des Luxemburger Sandsteins. Ein Beitrag zur Pflanzengeographie des Großherzogtums. Bull. Soc. Nat. luxemb. 26 (1916): 242-245; 190-192; 204-210. [2]
  • Klein, E.J., 1929. Die Verteilung der Flechten- und Moosvegetation auf dem Geländer der Neuen (Adolph-) Brücke. Bull. Soc. Nat. luxemb. 39 (1929): 126-127. [3]

An nach eng ganz Rei aner, virun allem populärwëssenschaftlech Artikelen. Eng detailléiert Bibliographie vum E.J. Klein sengen Artikelen am Bulletin vun der SNL fënnt een hei:

  • Massard, J.A., 1990. Livre du Centenaire. Bull. Soc. Nat. luxemb. 91: 231-309.[4]

Linguistesches änneren

  • Klein, J., 1900. Über den Ursprung des Namens Kawéchelchen. Bull. Soc. Nat. luxemb. 10 (1900): 147.

Gielercher änneren

Literatur änneren

Nom Edmond Joseph Klein genannt[2] änneren

  • en Deel vum Stadpark an der Stad Lëtzebuerg: Parc Edmond-Klein,
  • eng Strooss zu Dikrech: rue Edmond-Jean-Klein[3];
  • no sengem Spëtznumm Pappa[4] Klein si genannt ginn:
    • eng Zort Rouse: Pappa Klein;
    • e Chalet fir jonk Leit zu Wolz, haut de Chalet vun de Scouten "Chalet Papa Klein".

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Memorial A N° 5 vun 1935 mat der Lëscht vun de Leit déi 1935 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen Gearchiveerd op 2011-09-26. Gekuckt de(n) 2013-01-12.
  2. Quell: Jos A. Massard, 1990. Livre du Centenaire 1890-1990. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 91: 133.
  3. D'Strooss krut zu Dikrech e falschen Numm, warscheinlech well den Numm aus der geleefeger Ofkierzung "Edmond J. Klein" falsch rekonstituéiert gouf.
  4. Déi zwou Schreifweise si benotzt ginn, Pappa Klein an Papa Klein.

Kuckt och änneren

* Lëtzebuergesch Biologen * Lëtzebuergesch Botaniker a Mykologen * Lëtzebuergesch Zoologen

Referenzen änneren