D'Martine Hansen, gebuer den 10. Dezember 1965 zu Wolz[1], ass eng lëtzebuergesch Politikerin (CSV).

Martine Hansen
Gebuer 10. Dezember 1965
Wolz
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit Hohenheim
Aktivitéit Politiker, Ingenieur
Partei CSV

Ausbildung Änneren

No hirer Première am Dikrecher Lycée huet d'Martine Hansen op der Universitéit Stuttgart-Hohenheim Agronomie studéiert, mat Spezialisatioun op d'sozial- a wirtschaftswëssenschaftlech Aspekter vun der Landwirtschaft. Vun 2005 un huet si iwwer en zweejärege Fernstudium e Master an der Gestioun vu Schoulen op der Universitéit Kaiserslautern gemaach.[1] Als Masteraarbecht huet si e Schoulentwécklungsplang fir Ettelbréck gemaach.

Beruff Änneren

D'Martine Hansen war vun 1993-2006 Professesch an der Akerbauschoul. Vun 2006 bis zu hirer Ernennung als Ministesch, 2013, war si Direktesch vun där Schoul.[1]

Politesch Ämter Änneren

Den 30. Abrëll 2013 gouf si als nei Ministesch an der Regierung Juncker-Asselborn II vereedegt, zoustänneg fir d'Recherche an d'Héichschoul.[2] Si huet d'Marie-Josée Jacobs ersat, déi demissionéiert hat, an en Deel vun den Dossiere vum François Biltgen iwwerholl, deen och als Minister opgehalen hat.[3] Déi Regierung gouf am Dezember 2013 derch d'Regierung Bettel-Schneider ofgeléist.

Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 gouf si an d'Chamber gewielt a bei deene vum 14. Oktober 2018 erëmgewielt.[4]

Si war vu Februar 2014[5] bis Januar 2019[6] Ko-Vizepresidentin vun der CSV.

Zanter Dezember 2018 ass si Fraktiounschefin vun der CSV an der Chamber.[7]

Gielercher Änneren

Literatur Änneren

  • Revue Nr. 22 vum 29. Mee 2013, S. 14-19: Die Macherin

Referenzen Änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Fiche "Martine Hansen" op gouvernement.lu, gekuckt 2013-05-06.
  2. "Martine Hansen a Marc Spautz sinn elo offiziell Minister." RTL.lu - 29.04.2013, 18:29 | Fir d'lescht aktualiséiert: 30.04.2013, 14:13.
  3. "Remaniement ministériel." Communiqué vun der Regierung, 27-04-2013 op gouvernement.lu.
  4. elections.lu.
  5. "CSV-Nationalkongress: Spautz neie Parteipresident, Zeimet bleift Generalsekretär." rtl.lu, 08.02.2014, 14:41:16.
  6. "De Frank Engel mat 54% neie Parteipresident." rtl.lu, 26.01.2019.
  7. "Martine Hansen ist neue CSV-Fraktionschefin." wort.lu, 05.12.2018.
  8. « Compte-rendu des séances publiques n°7 - Séance extraordinaire 2013-2014 », op https://www.chd.lu/