Lokal administrativ Unitéit

eendeiteg Identifizéierung a Klassifizéierung vu raimlechen Unitéiten bannent der EU

D'lokal administrativ Unitéit (gekierzt LAU, original am Engleschen: Local Administrative Unit) ass en hierarcheschen Niveau vum Eurostat, dem europäeschen Institut fir Statistik.

D'lokal administrativ Unitéite gëllen am ganze Wirtschaftsraum vun der Europäescher Unioun an erméiglechen eng eendeiteg Identifikatioun a Klassifikatioun vun de raimleche Referenzunitéite fir déi offiziell Statistike vun de Memberstaaten. Se sinn d'Haaptkomponente vun den NUTS-Regiounen, déi och vum Eurostat definéiert goufen. Op lokalem Plang goufen zwéin Niveaue fir d'LAUe festgehalen:

  • LAU1: lokal administrativ Unitéit vum éischten Niveau, fréier NUTS4, dee fir déi meescht Länner definéiert ass;
  • LAU2: lokal administrativ Unitéit vum zweeten Niveau, fréier NUTS5, deen d'Gemeng oder eng gläichwäerteg Unitéit an den EU-Memberstaaten festleet.

D'LAU-Codë fir Lëtzebuerg setze sech aus dem LAU1 fir déi 12 Kantonen an dem LAU2 fir déi eenzel Gemengen zesummen.

Beispiller
Prefix LAU Kanton Gemeng
LU 0101 Capellen Dippech
LU 0301 Lëtzebuerg Bartreng
LU 0304 Lëtzebuerg Lëtzebuerg
LU 1207 Réimech Stadbriedemes

Um Spaweck änneren