Gemengewalen (Lëtzebuerg)

Ënner Gemengewalen, och alt Gemengerotswalen, versteet een d'Wale fir de Gemengerot ze wielen. D'Modalitéite vun de Gemengewale sinn am Walgesetz vum 18. Februar 2003 an deels am Gemengegesetz vum 13. Dezember 1988 festgeluecht.

Walziedel fir d'Gemengewalen 2017 an der Stad Lëtzebuerg

Periodizitéit an Datum vun de Walen[1]

änneren

Zu Lëtzebuerg sinn d'Gemengewalen all 6 Joer, gemenkerhand den zweete Sonndeg am Oktober.

Wann d'Chamber- an d'Gemengewalen an den Oktober vum selwechte Joer falen, da ginn d'Gemengewalen op den éischte Sonndeg am Juni virverluecht. Iwwer e groussherzoglecht Reglement kann den Datum awer och op ee vun den zwéi Sonndeger virun oder nom éischte Junisonndeg geréckelt ginn.

Komplementarwalen[2]

änneren

Wann am Gemengerot e Mandat vun engem Member vakant ass, well de Conseiller demissionéiert huet, gestuerwen ass oder an eng aner Gemeng geplënnert ass, kann de Gemengerot Komplementarwale festleeën. Wann zwéi Mandater vakant sinn, musse Komplementarwalen organiséiert ginn. D'Komplementarwale musse bannent dräi Méint nodeems d'Vakanz dem Inneministere matgedeelt gouf, organiséiert ginn.

An de sechs Méint virun den nächste reguläre Gemengewale gi keng Komplementarwalen organiséiert, et sief datt d'Hallschent vun de Membere vum Conseil feelt.

Corps communal

änneren

De Corps communal setzt sech aus dem Gemengerot, dem Schäfferot an dem Buergermeeschter zesummen[3].

D'Zuel vun de Gemengeréit (d. h. de Membere vum Gemengerot, och nach Gemengeconseiller oder just Conseiller genannt) hänkt vun der Awunnerzuel vun der Gemeng of. Doran abegraff sinn de Buergermeeschter an d'Schäffen (Collège des bourgmestre et échevins - Schäfferot genannt). Jee no Gréisst vun der Gemeng gëtt et, nieft dem Buergermeeschter, tëscht 2 a 6 Schäffen.

Walsystem

änneren

Och ob de Gemengerot nom Majorz- oder Proporzsystem gewielt gëtt, hänkt vun der Awunnerzuel of.

Well d'Populatioun zu Lëtzebuerg wiisst, a wéinst de Fusioune vu Gemengen ass d'Zuel vun de Proporzgemenge vu 27 (1993) iwwer 37 (2005) op 46 (2017) eropgaangen. Am Joer 2011 hunn 80% vun der Bevëlkerung zu Lëtzebuerg an enger Proporzgemeng gelieft [4]. Fir d'Gemengewale vun 2023 gëtt a 56 Gemengen nom Proporz- an a 46 Gemengen nom Majorzsystem gewielt[5][6].

Iwwersiicht vun de Gemengeréit

änneren
Iwwersiicht vun de Gemengeréit
Gemeng mat … Conseilleren[7] Schäffen[8] Walen
< 1.000 Awunner 7 2 Majorzsystem
1.000 - 2.999 Awunner 9
3.000 - 5.999 Awunner 11 Proporzsystem
6.000 - 9.999 Awunner 13
10.000 - 14.999 Awunner 15 3
15.000 - 19.999 Awunner 17
> 20.000 Awunner 19 4
Ausnam: Stad Lëtzebuerg 27 6

Konditioune fir däerfen ze wielen (aktiivt Walrecht)

änneren

Fir däerfen ze wielen, muss een als Lëtzebuerger um Dag vun de Walen 18 Joer al sinn, iwwer seng biergerlech a politesch Rechter verfügen an am Groussherzogtum wunnen.

Net-lëtzebuergesch Staatsbierger kënne wiele goen, wa se hire Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hunn a sech op der Gemeng an d'Wielerlëscht ageschriwwen hunn. Wa s'aus engem Land baussent der Europäescher Unioun oder dem Schengenraum kommen, musse se zousätzlech e gültegt Openthaltsdokument (Titre de séjour oder Carte de séjour) hunn.

D'Reegel datt Net-Lëtzebuerger op d'mannst 5 Joer an engem Stéck regulär am Land hu musse gewunnt hunn, gouf mam Gesetz vum 22. Juli 2022 ofgeschaaft[9].

Fir Lëtzebuerger ënner 75 Joer besteet Walflicht, bei Net-Lëtzebuerger eréischt dann, nodeem se sech an d'Wielerlëschten agedroen hunn.

Passiivt Walrecht, also d'Recht sech wielen ze loossen, hunn all Bierger vun der Europäescher Unioun, d'Lëtzebuerger natierlech abegraff, iwwer 18 Joer, déi zanter méi wéi 6 Méint an der Gemeng, an där se kandidéieren, ugemellt sinn. Wéi beim Recht ze wielen, muss ee seng biergerlech Rechter hunn.

Bréifwal ass, ënner bestëmmte Konditiounen, méiglech.

Walflicht

änneren

Jiddereen deen an de Wielerlëschten agedroen ass, muss wiele goen. Dozou gehéieren d'office all d'Lëtzebuerger déi d'Konditioune vum aktive Walrecht erfëllen an d'Net-Lëtzebuerger déi sech fräiwëlleg ageschriwwen hunn.

D'Wieler déi um Waldag verhënnert sinn, mussen dem Procureur d'État, deen territorial fir si zoustänneg ass, de Grond matdeelen, mat den néidege Beleeger, firwat si net kënne wiele goen.

Vum Gesetz hir entschëllegt sinn d'Wieler iwwer 75 Joer an déi, déi um Dag vun de Walen hire Wunnsëtz an enger anerer Gemeng hunn ewéi déi, an där se opgeruff sinn, wielen ze goen.

Konditioune fir däerfe gewielt ze ginn (passiivt Walrecht)

änneren

Fir sech als Kandidat fir d'Walen opzestellen, also fir däerfe gewielt ze ginn, muss een um Dag vun de Walen 18 Joer al sinn an iwwer seng biergerlech a politesch Rechter verfügen. Et däerf ee weeder zu Lëtzebuerg nach a sengem Hierkonftsland d'Recht fir gewielt ze ginn oferkannt kritt hunn. Dës Konditioun muss awer net erfëllt sinn, wann een a sengem Hierkonftsland säi passiivt Walrecht op Grond vu sengem Wunnsëtz am Ausland verluer huet.

Als Lëtzebuerger muss ee säi Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hunn; d'Net-Lëtzebuerger mussen, wa se sech als Kandidat opstellen, op d'mannst sechs Méint an der Gemeng gewunnt hunn, an där se kandidéieren.

Auslännesch Staatsbierger mussen nach eng Rei Dokumenter virweisen, ë. a. eng Deklaratioun iwwer hir Nationalitéit an hir Adress zu Lëtzebuerg.

Kandidatur an enger Majorzgemeng

änneren

E Kandidat fir d'Gemengewal an enger Majorzgemeng ka sech individuell opsetzen, hie muss net op enger Kandidatelëscht sinn. Fir seng Kandidatur ze stellen, muss hie bis spéitstens 60 Deeg virun der Wal, eng datéiert an ënnerschriwwen Demande mat senge perséinlechen Donnéeë beim President vum Haaptwalbüro vu senger Gemeng ofginn. Mat senger Kandidatur verflicht de Kandidat sech, sech net vun der Wal zeréckzezéien.

Kandidatur an enger Proporzgemeng

änneren

An enger Proporzgemeng muss de Kandidat fir d'Gemengewal op enger Kandidatelëscht (Wallëscht) stoen, déi aus Membere vun enger politescher Partei oder engem anere Grupp besteet. Dës Lëscht kann net méi Kandidaten hunn, wéi Conseilleren an der Gemeng ze wiele sinn.

All Kandidatelëscht muss entweeder vun op d'mannst 50 Wieler aus der Gemeng oder vun engem aktuelle Gemengeconseiller ënnerstëtzt ginn. E Mandataire muss déi jeeweileg Lëscht bis spéitstens 60 Deeg virun der Wal beim President vum Haaptwalbüro vun der Gemeng ofginn.

Zousätzlech zu de genannte Formalitéiten däerf all Kandidat just op enger Lëscht stoen an all Lëscht muss eng eege Bezeechnung hunn.

Ausschloss vum passive Walrecht

änneren
  • Follgend Persoune kënnen sech net wiele loossen:
    • déi, deenen d'passiivt Walrecht duerch eng Verurteelung entzu gouf;
    • déi, déi hiert Walrecht duerch eng strofrechtlech Verurteelung verluer hunn;
    • déi, déi wéinst engem Verbrieche verurteelt goufen;
    • déi Volljäreg, déi ënner Momperschaft stinn.
  • Follgend Persoune kënnen net Member vum Gemengerot sinn:
    • Ministeren a Staatssekretären;
    • Beamten a Mataarbechter aus dem Inneministère a sengen Administratiounen;
    • Beruffszaldoten;
    • zivil a militäresch Membere vun der Direktioun a vum Personal vun der Police, mat Ausnam vun deenen déi keng polizeilech Aufgaben ausféieren;
    • Geeschtlecher, déi duerch eng Konventioun un de Staat gebonne sinn;
    • Membere vun de Verwaltungsgeriichter, vun der normaler Geriichtsuerdnung an der Staatsanwaltschaft;
    • Membere vum Direktiounskommitee vum CGDIS.
  • Verschidde Funktioune sinn inkompatibel mam Mandat vun engem Conseiller vun enger bestëmmter Gemeng. Dëst gëllt absënns fir:
    • Persounen déi vun der Gemeng, enger Verwaltung déi der Gemeng ënnersteet, engem Gemengesyndikat an deem d'Gemeng Member ass oder vun enger anerer moralescher Persoun vum ëffentleche Recht an deem d'Gemeng Member ass, eng fest oder variabel Pai kréien;
    • Léierpersonal, inklusiv Chargé-de-coursen aus der Grondschoul vun der Gemeng.
  • Follgend Persoune kënne weeder Buergermeeschter nach Schäffe ginn:

Do dernieft däerfen d'Membere vum Gemengerot bis inklusiv den 2. Grad weeder direkt nach par alliance matenee Famill sinn; se däerfen och net matenee bestuet oder gepacst sinn.

Bréifwal

änneren

All Wieler deen an der Wielerlëscht ageschriwwen ass, kann eng Demande maache fir iwwer Bréifwal ze stëmmen. Dofir muss e bannent festgeluechten Delaien iwwer en einfache Bréif oder e virgedréckte Formulaire eng Demande beim Schäfferot vu senger Gemeng maachen.

Rezent Walen

änneren

Gemengewalen 2017

änneren

Bei de Gemengerotswale vum 8. Oktober 2017 waren 285.335 Wieler ageschriwwen[10]. Dovun hu sech der 18.468 per Bréifwal bedeelegt. 251.437 Wieler haten d'Lëtzebuerger Nationalitéit; dobäi koumen 33.898 Auslänner, déi am Land wunnen,a sech sech op d'Wallëschten androe gelooss haten.

3.575 Kandidate stoungen am Ganzen zur Auswiel, dat ware 1.274 Dammen an 2.301 Hären. 3.307 Kandidate ware Lëtzebuerger, 268 haten eng aner Nationalitéit.

Et gouf 666 Walbüroen. Et goufen am Ganzen 248.885 Walziedelen an d'Urn geheit. Dovu waren der 228.904 gülteg, 19.981 ongülteg oder wäiss. Bei déi gülteg dobäi koume 17.206 Bulletinen, déi per Bréifwal ageschéckt goufen.

Am ganze waren 3.311.210 Stëmme méiglech, ofgi goufen der awer just 2.814.832.

1.289.334 - 45.8% - ware Lëschtestëmmen (d.h., wou all Stëmmen un eng an déi selwecht Lëscht goungen), 958.204 - 54.2% - goufen eenzel an enger oder méi Lëschten 'erausgesicht'.

46 vun den 105 Gemenge ware Proporzgemengen. D'Sëtzverdeelung, zesummegerechent, gesouch an deene Gemenge sou aus:

Partei CSV DP gréng LSAP aner
Total Sëtz 209 108 77 155 51
% 30,4 18,2 16,4 24,0 11,0

Gemengewalen 2023

änneren

Kalenner fir d'Walen

änneren
Datum Evenement
01.07.2021 Den Datum vun de Walen 2023 gëtt festgeluecht[11]
12.04.2023 Leschten Datum fir den Depot vun de Kandidaturen[6]
13.04.2023 D'Lëschtennummere fir d'Wale ginn ausgeloust[6]
17.04.2023 55. Dag virun de Gemengewalen, leschten Dag fir all Net-Lëtzebuerger fir sech an d'Wielerlëschten anzeschreiwen[6]
18.04.2023 D'Wallëschte gi publizéiert[6]
11.06.2023 Gemengerotswalen[6]
01.09.2023 Leschten Dag bis wéini déi nei Gemengeréit hir Aarbecht ophuele mussen[6]
Partei LSAP DP gréng CSV aner Piraten Lénk ADR KPL
Total Sëtz 155 134 64 193 13 6 9 1
% 21,3 20,64 12,69 26,06 19,31

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. Loi électorale du 18 février 2003 „Walgesetz“ – Art. 186. legilux.public.lu (18.02.2003). Gekuckt de(n) 22.01.2023.
  2. Walgesetz, Art. 189
  3. Loi communale du 13 décembre 1988 „Gemengegesetz“ – Artikel 4. legilux.public.lu (13.12.1988). Gekuckt de(n) 21.01.2023.
  4. Lëtzebuerger Land, 12. Aug. 2011, S.3.
  5. D'Gemenge Groussbus a Wal grad ewéi Bus a Waldbriedemes ginn eenzel gezielt, well se eréischt den 1. September 2023 fusionéieren.
  6. 6,0 6,1 6,2 6,3 6,4 6,5 6,6 5 Méint virun de Gemengewalen: D'Ministesch Taina Bofferding stellt den Zäitplang, d'Haaptchifferen an d'Egalitéitsdéfie vir. mint.gouvernement.lu (11.01.2023). Gekuckt de(n) 21.01.2023.
  7. Gemengegesetz, Art. 5
  8. Gemengegesetz, Art. 38
  9. Loi du 22 juillet 2022 portant modification : 1° de la loi électorale modifiée du 18 février 2003 (…). legilux.public.lu (22.07.2022). Gekuckt de(n) 21.01.2023.
  10. All Zuelen: Resultater op rtl.lu.
  11. Déi nächst Gemengewale sinn den 11. Juni 2023. rtl.lu (01.07.2021). Gekuckt de(n) 21.01.2023.