Christophe Hansen
De Christophe Hansen, gebuer den 21. Februar 1982 zu Wolz, ass e lëtzebuergesche Politiker (CSV/EPP). Hien ass zanter dem 1. Dezember 2024 Kommissär fir Landwirtschaft a Liewensmëttel an der Kommissioun von der Leyen II.
Christophe Hansen | |
---|---|
Gebuer |
21. Februar 1982 Wolz |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | CSV |
Liewen a Karriär
ännerenDe Christophe Hansen kënnt aus enger Bauerefamill. Hien huet tëschent 2002 an 2007 op der Universitéit Louis-Pasteur zu Stroossbuerg Geowëssenschaften, Geopolitik an Ëmweltrecht studéiert an dee Studium 2007 mat engem Master ofgeschloss[Source?].
Vun 2007 bis 2014 huet hien als politesche Beroder vun der Europadeputéiert Astrid Lulling an de Beräicher Agrar- an Ëmweltpolitik geschafft. Dono huet hie fir d'Stänneg Representatioun vu Lëtzebuerg bei der EU zu Bréissel geschafft; 2016 fir de Bréisseler Büro vun der Chambre de commerce, an e war vun 2016-2018 Member vum Europäesche Wirtschafts- a Sozialcomité.[1]
Hie war vun Oktober 2011[2] bis Dezember 2022 Member vum Gemengerot zu Wanseler.[3]
De Christophe Hansen war vum September 2018 bis Oktober 2023 Deputéierten am Europäesche Parlament.[4] Hie war duer 2018 fir d'Viviane Reding nogeréckelt, déi sech zeréckgezunn hat fir zu Lëtzebuerg fir d'Chamberwale vum 14. Oktober 2018 ze kandidéieren[5]. Am Juni 2019 huet hien da fir d'Europawale kandidéiert a krut säi Mandat als ee vun de sechs Lëtzebuerger Deputéierten am Europaparlament confirméiert[5]. Hie war do Porte-parole vun der EVP fir den internationalen Handel a Rapporteur iwwer de Reglementsprojet géint d'Hae vu Bëscher. Virdru war hie Rapporteur zum Brexit-Accord an zum EU-Reglement iwwer schiedlech Staatssubventiounen aus Drëttlänner fir Firmen am EU-Bannemaart. Hie war zanter Januar 2022 zousätzlech ee vun de Quaestore vum Europäesche Parlament.[6]
Vum Mäerz 2022 bis Mäerz 2024 war hien, zesumme mat der Stéphanie Weydert, Generalsekretär vun der CSV.
2023 war hie Kandidat fir d'CSV am Walbezierk Norde fir d'Chamberwale vum 8. Oktober 2023. Hie gouf direkt gewielt.[7] Den 23. Oktober 2023 huet hie säi Mandat als Europadeputéierten néiergeluecht, fir de 24. Oktober an der Chamber vereedegt ze ginn. D'Martine Kemp ass fir hien zu Stroossbuerg nogeréckelt.[8]
Bei den Europawale vum Juni 2024 huet hien op en Neits kandidéiert a gouf direkt op Stroossbuerg gewielt. Dofir huet hien den 10. Juli 2024 säi Chambermandat nees opginn, fir dat de Jean-Paul Schaaf nogeréckelt ass.[9]
Enn August 2024 huet de Premier Luc Frieden matgedeelt, datt hien de Christophe Hansen der Presidentin vun der Europäescher Kommissioun, Ursula von der Leyen, als Lëtzebuerger EU-Kommissär fir an hir nei Kommissioun virgeschloen huet[10]. Hien huet den 1. Dezember 2024 seng Funktioun als Kommissär fir Landwirtschaft a Liewensmëttel ugetrueden. D'Martine Kemp ass deen Dag drop fir hien zu Stroossbuerg nogeréckelt.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Christophe Hansen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- "Den zukünftegen Europadeputéierte Christophe Hansen am Portrait." rtl.lu, 16.07.2018, 12:30:17.
- De Christophe Hansen vun der CSV am Portrait, rtl.lu, 13.11.2023
Virgänger: Paul Galles |
Generalsekretär vun der CSV 2022 - 2024 |
Nofollger: Alex Donnersbach Françoise Kemp |
Referenzen
änneren- ↑ CV op der Websäit vun der EPP.
- ↑ "Vereidigung des Gemeinderates in Winseler - Keine Überraschungen und doch ein frischer Wind!" mywort.lu, 14.12.2011.
- ↑ Marc Schlammes: "Rückzug aus Gemeinderat Winseler: CSV-Politiker Christophe Hansen beendet kommunale Karriere." wort.lu [w+], 12.12.2022.
- ↑ Fiche op europarl.europa.eu.
- ↑ "Viviane Reding se présentera bien dans le Centre." paperjam.lu, 13 mars 2018 12:33.
- ↑ Fiche op europarl.europa.eu.
- ↑ Christophe Hansen op rtl.lu (nogekuckt 2023-10-10).
- ↑ Pierre Weimerskirch: "Martine Kemp ersetzt Christophe Hansen." rtl.lu, 12.10.2023.
- ↑ "Christophe Hansen sera remplacé par Jean-Paul Schaaf à la Chambre des députés." virgule.lu, 12.06.2024.
- ↑ (de)Luxemburg schlägt Christophe Hansen als EU-Kommissar vor. Luxemburger Wort (22.08.2024). Gekuckt de(n) 26.08.2024.