Alphonse Schiltges

lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker


Den Alphonse Joseph Schiltges, gebuer den 12. Mäerz 1899 zu Uewerkuer, a gestuerwen den 11. November 1979 zu Wolz[1], war e lëtzebuergeschen Ingenieur an CSV-Politiker[2].

Alphonse Schiltges
Gebuer 12. Mäerz 1899
Uewerkuer
Gestuerwen 11. November 1979
Wolz
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV

Hien huet vun 1930 bis 1960 als Ingenieur bei der Tannerie de Cuir Idéal zu Wolz geschafft[2].

Nom Generalstreik géint d'Zwangsrekrutéierung vum 12. August 1942 gouf den Alphonse Schiltges zesumme mat senger Famill d'éischt op Leubus an duerno op Unterwellenbach deportéiert[2].

Hie war vun 1945 bis 1959 onënnerbrach Deputéierten an der Chamber. Duerno gouf hien, nom Doud vum Henri Gengler, den 20 Mäerz 1962 nees als Deputéierte vereedegt an huet déi Funktioun bis zum Enn vun deem Mandat 1964 erfëllt.

Hie war wärend 24 Joer Member vum Gemengerot vun der Gemeng Wolz an dovu wärend 6 Joer Buergermeeschter.

Gielercher änneren

Referenzen änneren

  1. Den Alphonse Schiltges op der Websäit www.deltgen.com
  2. 2,0 2,1 2,2 Hommage à la mémoire de M. Alphonse Schiltges an der Sëtzung vum 13. November 1979 vun der Chamber
  3. Odre de la Couronne de chêne Auszeechnungen 1956 Memorial A N° 10 vun 1956 Archivéiert op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2013-12-08.