De Michel Ewen, gebuer zu Wolz[1] a gestuerwen 1974 am Alter vun 72 Joer, war e lëtzebuergesche Resistenzler a Politiker (LSAP).[2]

Michel Ewen
Gestuerwen 1974
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei LSAP
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Hie gouf bei de partielle Chamberwale vum 3. Juni 1951 fir d'éischt als Deputéierten an d'Chamber gewielt. Hie gouf bei de Chamberwale vum 30. Mee 1954, genee sou wéi bei de Chamberwale vum 1. Februar 1959 a bei de Chamberwale vum 7. Juni 1964 erëmgewielt ginn. Hien huet säi Mandat bis zum Enn vun der Legislaturperiod 1968 behal.

Hie war vun 1964 bis den August 1969 Member vum Schäfferot vun der Gemeng Dikrech a vun du bis den 31.Dezember 1969 Buergermeeschter vun der Gemeng Dikrech.[3][1]

ReferenzenÄnneren

  1. 1,0 1,1 Jos Herr, Diekirch november 1985, Imprimerie Saint-Paul S.A. Säit 262
  2. Noruff op de Michel Ewen an der 57. Sëtzung vun der Chamber vum Sëtzungsjoer 1973-74 den 2. Abrëll 1974
  3. De Michel Ewen war nëmme ganz kuerz Buergermeeschter vun Dikrech op culture.diekirch.lu