Wunne mat der Wooltz ass en urbanistesche Projet an der Gemeng Wolz, bei deem eng ronn 34 Hektar (dovun 26 ha Industriebroochen) op den zwou Säite vum Floss Wolz ("Wooltz" am lokalen Dialekt), tëscht- Uewer- an Nidderwolz, opgewäert a reamenagéiert solle ginn.

De Fonds du Logement plangt do, en neie Wunnquartier ze bauen, an deem an 1.085 Wunnengen an Haiser bis zu 2.200 Leit ënnerdaach komme sollen. Am November 2022 war den éischte Spuetstéch.[1]

De fréieren Industriesite virum Ëmbau, 2021

Geschicht änneren

De Projet betrëfft en Areal, op deem tëscht 1912 an 1961 d'Giewerei Ideal Lieder a Liedersartikele produzéiert huet. Dono huet d'Firma Eurofloor (spéider zu Tarkett/Sommer fusionéiert) den Terrain fir e symbolesche Frang iwwerholl, an do eng 30 Joer laang Buedembeläg produzéiert. 1996/97 ass s'erausgeplënnert an huet dem Staat den Terrain 2011 fir ee symboleschen Euro verkaaft.[2] Den Terrain gouf tëscht 2012 and 2022 sanéiert[1] an déi meescht Gebaier, déi drop stinn, ofgerappt. Vun der aler Giewerei bleiwe just en zille Schaarschtech, e Verwaltungsgebai sou wéi eng Paart (mat enger Erënnerungsplack un de Streik vum 30. August 1942) erhalen.[2]

De Projet änneren

Beim Projet (deen och de Site Haargarten niewendru mat abezitt) soll d'Kreeslafekonomie eng wichteg Roll spillen, wat d'nohaltegt Bauen an d'Gestioun betrëfft. Sou soll z. B.de Quartier, mat Wäermepompelen a Solarenergie fir säin eegenen Energieverbrauch opkommen.[1] D'Baachbett soll renaturéiert ginn, den Auto méiglechst aus dem Quartier erausgehale ginn, an e soll un d'Gare Wolz ugebonne ginn, déi zu engem Multimodal-ëmklammpunkt erweidert soll ginn. Virgesi si virun allem Appartementsgebaier mat 3 bis 4 Stäck. Geplangt sinn och eng Grondschoul fir 320 Kanner, eng Maison relais, e pedagogesche Musée, eng Museksschoul, e Supermarché, Sportsinfrastrukturen, Säll fir sech ze begéinen a Gemeinschafts-Geméisgäert.[2]

D'Schoul, déi no bei d'Gare stoe kënnt, soll fir September 2023 prett sinn (Stand Nov. 2022).

Fir déi éischt Phas sinn Aarbechten fir iwwer 260 Milliounen Euro virgesinn, mëttelfristeg kéinten d'Käschten dann op iwwer eng hallef Milliard Euro klammen.[1]

Architekte vum Masterplang sinn Heisbourg Strotz (hsa), Schroeder & Associés a Maja Devetak.[2]

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Sabrina Backes: "Éischte Spuedestéch fir de Projet 'Wunne mat der Wooltz'." rtl.lu, 22.11.2022.
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 Hansen (2019) an der Literatur.

Um Spaweck änneren