Johnny Glesener

lëtzebuergesche Pianist
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Johnny Glesener, gebuer de 5. Abrëll 1914 zu Wolz a gestuerwen den 19. Mäerz 1989, war en erfollegräiche lëtzebuergesche Pianist an Arrangeur. Niewebäi huet hien och Gittar, Vibraphon, Akkordeon a Kontrabass gespillt. Hie gëllt als ee vun de Pionéier vun der Lëtzebuerger Jazzmusek.

Johnny Glesener
Gebuer 5. Abrëll 1914
Gestuerwen 19. Mäerz 1989
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Pianist

Hien huet an de professionellen Danzorchestere vum Andy Felten a vum Tommy Dallimore gespillt.

Am Ausland huet hien ufanks der 1950er Jore mat senger Band ënner anerem bekannt Sänger a Sängerinne wéi Les Soeurs Etienne, Vico Torriani oder Suzy Solidor begleet.

International bekannt gouf hien als Museker an Arrangeur an de verschiddenen Ensemble vu Radio Lëtzebuerg, virun allem duerch seng deeglech Live-Sendung Piano Moods by Johnny Glesener (1944-1948).

Kuckt och änneren

Quellen änneren

  • Spautz, Roger: Luxemburgs Pioniere der leichten Muse, RTL Edition, Luxembourg 1983.