Wallounien

Regioun an der Belsch
(Virugeleet vu(n) Wallounesch Regioun)

Wallounien (op Franséisch: Wallonie; op Wallounesch: Walonreye oder Waloneye) ass eng vun den dräi Regiounen an der Belsch. Als politesch Regioun mam dem Numm Wallounesch Regioun (fr.: Région wallonne; de.: Wallonische Region; wa.: Redjon Walone) gouf si am Joer 1970 geschaaf, och wa si als kulturell Géigend schonn am 19. Joerhonnert eng eegen Identitéit ugeholl huet.

Wallounien
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
vun der Belsch

Däitsch Communautéit
vun der Belsch
Chef-lieu Namouer
Awunner 3.645.243 (2020)
Fläch 16.844,0 km²
Websäit https://www.wallonie.be/

Wallounien charakteriséiert sech duerch d'Sproochegrenz vum romanesche Süden mat dem germaneschen Norden an Osten. Am grousse Ganzen zitt déi Grenz sech vun Dunkerque iwwer Mouscron, Renaix, Enghien, an Halle bis an de Süde vu Bréissel fir da weider iwwer Landen a Glons laanscht Maastricht bis op Aubel ze kommen. Do dréint se no Süden an Direktioun Malmedy, Maartel an Arel fir bis op d'Grenz vum franséische Loutrengen ze kommen. Dobäi mécht s'am Norden d'Grenz mat den hollänneschen Dialekter am am Oste mat den däitschen.

Fréier gouf d'wallounesch Sprooch a wäiten Deeler vu Wallounien geschwat, haut ass Franséisch déi dominant Sprooch. Nëmmen an de fréiere Cantons de l'Est gëtt et ee Gebitt, op deem Däitsch déi dominant Sprooch ass. Déi däitschsproocheg Communautéit vun der Belsch vertrëtt déi däitschsproocheg Minoritéit am Domän vun der Sprooch, der Kultur an der Educatioun an an aneren Domäner, déi zu de Kompetenze vun de Communautéite gehéieren. Fir déi franséischsproocheg Wallounen ass d'Franséisch Communautéit dofir verantwortlech.

Wallounien erstreckt sech iwwer 55% vum Territoire, an an der Regioun lieft een Drëttel vun den Awunner vun der Belsch.

Geographie

änneren

Wallounien huet eng Fläch vu ronn 16.901,4 km², wouvu mat Ausnam vum wallounesche Brabant südlech vu Bréissel an enger grousser Partie vum westlechen Hainaut op der franséischer Grenz, praktesch alles zum Territoire vum belsche Meusebaseng gehéiert. De Rescht gehéiert zum Baseng vum Escaut.

Seng Haaptstad ass Namouer a säi geographeschen Zentrum ass zu Spontin an der Gemeng Yvoir an der Provënz Namouer an déi héchst Plaz ass de Signal de Botrange mat 694 Meter..

Et huet eng dräieckeg Form an déi gréisst Distanz vu Westen no Osten ass 200 km a vun Norden no Süden 140 km. Am Westen a Süde stéisst et u Frankräich, am Osten u Lëtzebuerg an un Däitschland an am Norden un Holland an u Flandern.

Et ass eng Géigend déi gréisstendeels aus Bëscher (29,3 % vum Territoire am Joer 2019) a landwirtschaftlechen Terrainen (28,5 %) besteet. D'Landwirtschaft verdeelt sech haapsächlech op der Linn Haine-Sambre-Meuse, wougéint d'Bëscher am Osten an am Süden ze fanne sinn (Héicht Venn, Ardennen a belscht Loutrengen, Gaume).

Administrativ Andeelung

änneren
 
Wallounesch Provënzen

Den Territoire vun der Wallounescher Regioun setzt sech, no der Belscher Verfassung aus dëse Provënzen zesummen:

Den Territoire vu 16 844 km² besteet aus 20 Arrondissementer, déi hirersäits an 262 Gemengen ënnerdeelt sinn, wouvun der 65 den Titel 'Stad' hunn.

Emblemer

änneren
 
Wallounesche Fändel

De Fändel vun der Wallounescher Regioun ass e roude Coq hardy (Kéngen Hunn) op gold-gielem Fong. De Logo ass e roude "W" op wäissem Fong, deem säi lescht "Been" e Fäil ass, deen no uewe weist.

Politik

änneren

Wéi déi aner Regiounen och, huet déi Wallounesch hiert Parlament, an dat 75 Deputéiert iwwer d'Allgemengt Walrecht gewielt ginn. Et huet säi Sëtz zu Namouer, der offizieller Haaptstad vun der Regioun. D'Parlament stëmmt iwwer Dekreter of, déi de selwechte juristesche Wäert wéi e Gesetz hunn, an et kontrolléiert d'wallounesch Regierung.

Am Dezember 1981 huet déi éischt wallounesch Regierung hir Aarbecht opgeholl. Zënterhier war de Parti socialiste de gréissten Deel vun der Zäit déi gréisst Partei, déi och de Ministerpresident gestallt huet.

Geschicht

änneren

An den 1960er huet d'Belsch, déi dunn nach en Eenheetsstaat war, eng politesch Kris duerchlieft, déi sech ënner anerem duerch staark Spannungen tëscht de flamänneschen an de frankophone Belsch ausgezeechent huet. Doropshi goufen nei Gesetzer gestëmmt déi zum Etablissement vun der Sproochegrenz an dem Splécke vun der Universitéit vu Léiwen gefouert hunn.

D'wallounesch Regioun gouf de 24 Dezember 1970 op Drock vun der identitärer Beweegung Mouvement wallon gegrënnt. Mam Gesetz vum 8. August 1980 krut si dunn och eng eege legislativ Kraaft an Exekutivgewalt.

An den 1980er ass aus der Belsch dunn aus engem Eenheetsstaat e federale Staat ginn, wat dunn och offiziell an der Verfassung vun 1993 unerkannt gouf.

Zënter 2010 gebraucht d'wallounesch Regierung just nach den Numm "Wallounien" fir fir seng politesch an international Representatioun. Den Numm "wallounesch Regioun" gëtt awer weider an offiziellen Akte benotzt.

Demographie

änneren

Demographesch Entwécklung huet a Wallounien, wéi praktesch déizäit iwwerall vun dräi Haaptfacteuren ofgehaangen: Krankheeten, Hongersnéit a Kricher. Dobäi hunn d'Epedimien ëmmer déi gréisst Schied ugeriicht, wovun déi schlëmmst Plo wuel d'Pescht war. An de westleche Länner war se zanter dem 8. Joerhonnert ganz verschwonnen, bis se am 14. Joerhonnert nees opgedaucht ass. No Frankräich, Spuenien an England am Joer 1348, krut de Wallounesche Streech se 1349 ze spieren. Am schlëmmste gouf Tournai am August vun deem Joer getraff[1]. Et sollen ëm déi 25. 000 Leit deemools do gestuerwe sinn. Ganz Famille sinn an Zäit vun e puer Deeg verschwonnen. Bal all d'Geeschtlech goufe bei der Beicht oder beim Verdeele vun de Stierfsakramenter ugestach. An der Géigend vun Ath goufen 20 % vun der Bevëlkerung, Affer vun der Pescht. Wa gemengt gouf se wier verdillegt ass se nees opgedaucht, sou wéi 1400/1401, 1438,152. 1530,1544, 1554. An der zweeter Hallschent vum 16. Joerhonnert war et du méi roueg awer am 17. Joerhonnert gouf et nach eng Kéier dräi kräfteg Peschtepidemien an zwar 1615, 1634 a 1668. Eng Abberzuel vu Rochuskappellen a Wallounien erënnert un déi Epidemien.

Awer net nëmmen d'Pescht huet vill Affer kascht. D'Syphillis déi aus der neier Welt 1496 an Holland koum, ass duerch den Handel am Meusedall bis op Léck komm. D'Pouken waren net rar souwéi de roude Bauchwéi an den Typhus, si reegelméisseg lokal opgedaucht. D'Lepra déi no de Kräizzich opgedaucht ass an an där hirer Folleg en Hellewull Siichenhaiser entstane waren, war allerdéng um Enn vum 17. Joerhonnert praktesch ganz verschwonnen.

Wirtschaftsgeschicht

änneren

Ekonomie viru 1750

änneren

Den natierleche Räichtum huet d'Ekonomie vun der spéiderer wallounescher Géigend scho vum Mëttelalter u konditionéiert. Kuelen, Eisenäerzer, Bläi an Zënn hunn do eng grouss Roll gespillt. Fir Veraarbechtung vum Messeng a vum Koffer goufen Iewen a Mulle gebraucht. Dat hat mat sech bruecht datt sech e groussen Handel mat leemege Biedem, Derle genannt entwéckelt huet, an dat déi Betriber déi drop ugewise waren, sech sou no wéi méiglech bei de Plazen installéiert hunn wou déi Biedem ze fanne waren, wéi ëm Namouer, Andenne (wäiss Derle), Andenelle, Couthuin, Héron, Huy an Dinant. D'Derle déi vun de Kofferschléier gebraucht gouf koum vu Rhisnes. D'Steekaulen op der Meuse an um Escaut hu Kalleksteng geliwwert an déi vun Dinant de schwaarze Marber. D'Réistoffer déi aus dem Akerbau an der Véizuucht koumen, grad wéi déi aus de Bëscher, an d'Handwierker déi sech domat beschäftegt hunn, hunn och eng grouss Roll gespillt, woubäi mat virop d'Wollproduktioun, d'Gierwereien, souwéi den Ubau vu Fluess a Geed.

Industrie
änneren
Metallurgie

Grouss Schmëtten hu sech ufanks an den Däller vun den Ardennen, laanscht d'Baachen a Flëss am Condroz, tëscht Sambre a Meuse, flossof vun Namouer an am Pays de Franchimont néiergelooss. D'Metall wat an de Schmëtte produzéiert gouf bei der Fabrikatioun vu blanke Waffen, Rëschtungen a Kanoune gebraucht souwéi an den Neelfabrécken. De Koffer gouf haaptsächlech am Dall vun der Meuse verschafft, wärend de Messeng am Dall vum Escaut a besonnesch zu Tournai produzéiert gouf, wat et domat tëscht dem 13. a 15. Joerhonnert zu enger grousser Prosperitéit bruecht huet. Vum 14. Joerhonnert goufen och Bläi- a Galmeiminnen am Dall vun der Meuse tëscht Huy an Andenne exploitéiert. Anerer waren zu Plombières a zu La Calamine, zwou Uertschaften déi hiren Numm deene Metaller a Mineraler ze verdanken hunn. Am 15. Joerhonnert goufen déi éischt Héichiewen installéiert, an déi direkt Eiseproduktioun gouf sou mat enger indirekter ersat déi méi e proppert Endprodukt geliwwert huet. Den Affinage gouf duerno a klenge Fabrécke gemaach, déi laanscht d'Baache stoungen, well d'Waasserkraaft gebraucht gouf fir d'Gebléiser vun den Iewen an deenen de Goss nees geschmollt gouf fir en ze rengegen, unzedreiwen.

D'Metallurgie blouf am Laf vun der Zäit ëmmer am Dall vun der Meuse an an hiren Niewendäller. Am 16. Joerhonnert hunn d'Schmelze sech op fënnef Industriebasenge verdeelt. Zum Baseng vun Namouer huet d'Entre-Sambre-et-Meuse gehéiert an d'Niewendäller flossof. Zum Baseng vu Huy huet haaptsächlech den Dall vum Hoyoux gehéiert an zu deem vu Léck hunn Däller vun der ënneschter Ourthe, der Vesdre, der Hoëgne an déi vun hiren Nieweflëss gehéiert. Am Basseng vun Durbuy louchen d'Schmëtte vun der ieweschter Ourthe, der Amblève a vun der Aisne an zum Baseng vun Habich hun d'Schmelze laanscht d'Lesse, d'Semois an d'Kuer gehéiert. De Baseng vun Namouer war bei Wäitem de gréissten. Am Ufank vum 16. Joerhonnert war d'Expansioun vun der Siderurgie e wichtege Phenomeen an der Geschicht vun der wallounescher Ekonomie. Ongeféier 200 Scmelzen a Schmëtte waren aktiv (Frankräich hat deemools knapps dat Duebelt) an den technesche Fortschrëtt huet sech bemierkbar gemaach. D'Fabrécken hu sech laanscht Flëss mat vill Waasser etabléiert fir méi Energie zur Verfügung ze hunn, an d'Iewen déi ëmmer méi grouss goufen konnte méi grouss Quantitéiten an och bessere Goss liwweren.

Kuelegrouwen

A Wallounien gouf zanter dem 12. Joerhonnert d'Kuel exploitéiert, am Ufank plazeweis nëmmen iwwer Dag, awer zanter dem 13. Joerhonnert goufen an den traditionelle Kuelerevéieren, wéi am Borinage (westlech vu Mons), am Zentrum (ëm La Louvière) an an der Géigend vu Charleroi a vu Léck, Pëtzer gegruewen. Am Ufank waren déi Pëtzer an der Déift limitéiert wëll d'Galerien op Waasserodere gestouss sinn, oder well se mat Sickerwaasser vollgelaf sinn. Do wou et méiglech war gouf dat Waasser iwwer Drainagen an Däll, déi méi déif louchen, ofgeleet. Déi Drainagen hate jee no Géigend verschidden Nimm, araines zu Léck, saiwes zu Charleroi an escors a conduits am Borinage an am Centre. Dee System konnt deemno och nëmme bis op eng bestëmmt Déift ëmgesat ginn. Sou waren d'Kuelenxploitatioune laang kleng Betriber déi vu sougenannte maîtres parçonniers mat relativ wéineg Kapital bedriwwe goufen. Well et déi Zäit déi grouss Konne vun de Kuelegrouwen, wéi d'Metallurgie an d'Glasfabrikatioun nach net gouf gouf se haaptsächlech fir d'Hëtze vun de Wunnenge gebraucht, souwéi an den Ateliere vun de Klautercher an an de Schmëtten.

Landwirtschaft
änneren

Um Enn vum Ancien Régime huet manner wéi e Véierel vun der wallounescher Bevëlkerung an de Stied gewunnt. Dat hat mat sech bruecht datt Qualitéit vun der Agrarproduktioun sech stänneg verbessert huet. De Wëlle fir de Rendement an d'Luucht ze dreiwen huet sech ofhängeg vun den natierleche Regiounen ënner veschiddene Forme manifestéiert. Wann en och manner grouss an den Ardennen, am belsche Loutrengen an am Hainaut a Brabant war, sou huet e sech ëmsou méi am Condroz, der Hesbaye an an der Famenne bemierkbar gemaach woubäi een am Herverland bal vun enger Agrarrevolutioun konnt schwätzen.

  Méi Informatioun doriwwer am Kapitel: Situatioun am Herverland.

Schonn ier physiokratesch Iddien opkoumen an ier agronomesch Experimenter sech generaliséiert hunn, haten déi véier Terroiren et fäerdegbruecht, trotz engem schlechte juristesche Kader, hir Liewensmëttelproduktioun staark an d'Luucht ze dreiwen. No der leschter Fruuchtkris 1709-1710, ass de Volume vu Käre fir Brout ze maache stänneg an d'Luucht gaangen obscho keng fundamental nei Technike gebraucht goufen. Dat gutt Resultat huet haaptsächlech drop baséiert well besser op d'Qualitéit vun der Sot opgepasst gouf an och well méi Kären um geséit goufen. Vu 1710 un, mä besonnesch no 1740 huet sech de Kärenubau verännert. De Spelz huet dem Weess Plaz gemaach, besonnesch an der Géigend vun Namouer, an der Hesbaye an am Brabant, woubäi en an der Famenne an am Condroz vum Kar ersat gouf. Op den aarme Biedem huet sech ausserdeem d'Gromper ëmmer méi duerchgesat.

Den Ubau vun de sougenannten Industrieplanzen ass mat der industrieller Entwécklung weidergaangen. De Raps deen am Brabant an am Hainaut besonnesch ëm Tournai als éischt bekannt war huet sech vu 1770 un an der Grofschaft Namouer a vu 1780 un och op de Lécker Lännereie breetgemaach. D'Nofro no Seeler an de Kuelegrouwen, déi ëmmer méi grouss gouf, huet den Ubau vun Hanf am Hainaut besonnesch ëm Charleroi , Biesmerée a Mettet staark favoriséiert. Ma och an der Hesbaye an an e puer Ardennerkantone gouf es zum Enn vum 18. Joerhonnert geziicht. An der zweeter Hallschent vum 17. Joerhonnert gouf an der Géigend vun Ath ugefaangen Tubak ze planzen, a spéider och am Dall vun der Semois bei Bohan. Ausser op e puer Plazen am Hainaut an am Brabant hat de Fluess kee besonnesche Succès am Géigesaz zum Happ, dee wéinst der Hellewull Brauereien déi et gouf, ëmmer méi ugeplanzt gouf. De Manktem u Kären am Ufank vum 18. Joerhonnert huet haaptsächle den Ubau vun der Gromper favoriséiert, am Ufank am lëtzebuergeschen Deel an duerno no an no am Brabant, am Hainaut an an der brabännescher Grenzregioun, awer eréischt no 1740 a ganz Wallounien.

Situatioun am Herverland
änneren

Wann d'Ardenne wéinst hirer natierlecher Konfiguratioun net sou gutt mat der Agrarrevolution matgehalen hunn, wéi déi aner wallounesch Géigenden, sou kann ee vum Herverland soen, datt et den Theater vun enger grousser Ëmwandlung war. D'Bëschfläche sinn ëmmer méi kleng ginn an déi schlecht ubaubar Flächen aus dem Kommunalbesëtz si lues a lues an de Privatbesëtz iwwergaangen. Déi oppe Felder déi bis do haaptsächlech fir den Ubau vu Liewensmmëttelplanze gebraucht goufen, sinn a Wisen ëmgewandelt ginn an d'Proprietéite goufe ronderëm mat Hecken zougemaach. Déi Heckelandschaft besteet nach bis haut. Déi grouss Wiseflächen hunn der Mëllechwirtschaft genotzt, a sou ass e grousse Botter- a Kéishandel entstanen, awer op der anerer Säit huet d'Fruucht missen importéiert ginn. Déi gemeinsam Véiträpp, bei deenen all Bauer nëmmen eng gewëssen Zuel vu Béischten huet däerfen hunn, si verschwonnen an eng privat an intensiv Véizuucht koum an d'Plaz. Déi landwirtschaftlech Praxis huet de Bauere méi Fräizäit gelooss wéi d'Felderwirtschaft a sou konnte se niewelaanscht Aarbechten aus der Duch- an Neelindustrie, déi a voller Expansioun waren, iwwerhuelen. Sou gouf de Bauer en Handwierker doheem. Déi kollektivistesch Bauerementalitéit gouf no an no méi individuell. Déi déifgräifend Mutatioun aus dem Herverland déi sech am Ufank vun de modernen Zäiten ofgezeechent hat, huet sech am 18. Joerhonnert generaliséiert.

D'Dicher goufen haaptsächlech zu Tournai, Huy an Nivelles fabrizéiert sou wéi a klenge Quantitéiten zu Dinant an a klengen Atelieren zu Namouer, Mons a Chimay. Vum 14. Joerhonnert un hu sech an den Ardennen an an der Famenne (Durbuy, Marche, Baaschtnech a La Roche), am Dall vun der Vesdre (Eupen, Dolhain, Limbourg a Verviers) an der Hesbaye (Jodoigne a Gembloux) souwéi an der Gaume (Virton), Follmillen installéiert.

D'Fabrikatioun vu Léngent huet sech laang op d'Géigend vun Ath konzentréiert, eng kleng Stad déi, am 15. Joerhonnert, Mons de Rang als Haaptstad vum Léngent oglaf hat. Et gouf awer soss am Hainaut am ganze Streech tëscht Cambray an Nivelles Léngent produzéiert, grad sou wéi zu Léck, zu Huy, an zu Wavre. Déi Dicher goufen an enger ronn 50 Dierfer ëm déi grouss Stied gewieft. Händler hunn déi ecru Dicher opkaaft a se da bleeche gelooss fir se kënnen an den Export ze ginn.

Am 17. Joerhonnert huet Verviers sech als grousse wallouneschen Textilzentrum entwéckelt.

Bis am Ufank vun deem Joerhonnert war Verviers just en Zouliwwerer vun den Textilfabrikante vu Leyde an de Vereenegte Provënzen. Déi hollännesch Entrepreneren hu Woll a Spuenien akaaft, déi se dann zu Verviers verschafft hunn, fir se dann nees z'exportéieren. Vu 1638 un huet Verviers selwer d'Kontroll iwwer d'Exportatioun iwwerholl an d'd'Stad huet sech séier weiderentwéckelt a vegréissert. D'Vereenegt Provënzen hunn dunn zwar nach d'Woll geliwwert, se konnten awer keng fäerdeg Produkter méi vu Verviers importéieren. Däitschland gouf den Haaptclient, an iwwer déi grouss Foirë vu Frankfurt, Leipzig, Köln, a Stroossbuerg goufen déi Vervieter Produkter a ganz Mëttelauropa bis an den Orient, an an Italien a Spuenie verkaaft. En Zeien dovun ass haut nach deen als Hotel restauréierten Douanesdepot op der fréierer Gare Verviers-Ouest op deem op der Fassad d'Wope vun de Stied, déi Handelspartner waren, ze gesi sinn.

Et gouf nach e puer Wiewereien ëm Herve wou haaptsächlech Serge gewieft gouf souwéi an der Entre-Sambre-et-Meuse wou Léngendicher gewieft goufen.

Gierwereien
änneren

D'Gierwereien hu sech do installéiert, wou genuch Lou ze fanne war, a laanscht Baachen déi genuch Waasser hate fir d'Lieder ze botzen a fir d'Millen unzedreiwen déi d'Lou zerdrätscht hunn. Déi éischt Gierwereie fënnt en zu Virton, Arel, Saint-Hubert, Baaschtnech, a Walcourt, fir der nëmmen e puer ze nennen.

Pabeier
änneren

D'Pabeierindustrie war net besonnesch present a Wallounien. E puer besser Pabeierfabrécke hate sech an der Géigend vu Huy um Enn vum 16. an um Ufank vum 17. Joerhonnert installéiert. Am südlechen Deel gouf et nëmmen e puer mëttleméisseg Betriber sou datt do de Pabeier aus der Provënz Léck an aus Frankräich importéiert gouf.

Keramik
änneren

Am 17. Joerhonnert si just e puer Atelieren an der Géigend vu Charleroi bekannt.

D'Glasindustrie déi haaptsächlech an oder no bei Bëscher installéiert war (wéinst dem Holz als Energieliwwertant), déi am 16. an am Ufank vum 17. Joerhonnert an enger Kris stouch huet sech duerno lues a lues erholl an nei Glasbléisereien sinn am Hainaut, zu Namouer, an zu Léck entstanen. Et goufe venitianesch Techniker engagéiert, déi eng grouss Roll bei der Verbesserung vun der Qualitéit vum wallounesche Glas gespillt hunn. D'Glasfabréck vu Beauwelz ass als éischt dofir bekannt[2]. Wéi an der Mëtt vum 17. Joerhonnert den Escaut fir d'Schëfffaart zougemaach gouf, ass den Handel mat Antwerpen zesummegebrach an déi wallounesch Glasatelieren hu vum Ënnnergank vun den Antwerpener profitéiert.

No 1750

änneren

Wann och d'Ekonomie vu Wallounie laang der allgemenger Ekonomie vun der Belsch entsprach huet, sou hat d'Industrialiséierung méi a rapiden a bei Wäitem och méi e groussen Impakt op d'Ekonomie wéi an den Territoirë ronderëm. Ënner dem Wëllem I. war den hollännesche Maart mat iwwer zwou Millioune Verbraucher zesumme mat deem vun Ostindien op fir d'wallounesch Industrie déi déi Zäit nëmme sou gefluppt huet. D'Belsch Revolutioun huet déi kommerziell Relatioune brutal ënnerbrach, an d'Wallounesch Industrie konnt näischt méi bei senge protektionisteschen Noperen ofsetzen. Well den Escaut zougemach gouf war de maritimen Hanndel ënnerbonn an d'Verbindung mat Däitschland iwwer de Rhäin onméiglech ginn. Déi Situatioun huet mat sech bruecht datt d'Kuelegrouwen, sief dat am Lécker Baseng oder an deem vum Hainaut, nëmme méi am Ralenti gelaf sinn. D'Textilindustrie ass praktesch zesummegebrach, an d'Siderurgie an d'Metallkonstruktioun haten och batter ënner de Konsequenzen ze leiden, sou datt 1832 nëmme nach knapps d'Hallschent vun den Héichiewen ënner Feier stoungen. Et huet e puer Joer gedauert bis d'wallounesch Industrie sech dovun erkritt hat, wat allerdéngs och nëmme méiglech war welle de jonkt belsche Staat, grouss Investitiounen am Eisebunnsbau, am Stroossebau a fir d'Schëffaart, gemaach huet. Obschonn tëscht 1830 an 1850 ronn 1.700 km nei Stroosse gebaut goufen an den Tonnage 1844 op eng Moyenne vun 160 to/Dag geschat gouf, huet déi kontinuéierlech Entwécklung vum Eisebunnsnetz, den Transport op der Strooss op e Minimum reduzéiert, soudatt de Finanzminister Walthère Frère-Orban decidéiert huet d'Octroise vun de Gemengen ofzeschafen a siwe Joer drop goufen och d'Barriäre vun de Mauten op de Staatsstroossen ewechgrappt. D'Kanalistioun vun der Sambre an de Bau vum Kanal Bréissel-Charleroi hunn dem Waassertransport (besonnesch fir d'Kuelegrouwe) vill weidergehollef.

Nieft den zwou grousse Banken, der Société générale de Belgique an der Banque de Belgique déi um nationalen Niveau vertruede waren, war d'Banque liégeoise et caisse d'épargne um méi regional Plang vertrueden.

D'Société générale déi vun Ufank un e groussen Afloss am Metallurgiessecteur hat, huet sech och fir d'Kuelegrouwen intresséiert, an dat an engem Mooss, datt se 1848 ëm déi 25 % vun alle Kuelenexploitatiounen a Wallounien an hirem Portefeuille hat.

Landwirtschaft
änneren

D'Landwirtschaft a Wallounie war grad wéi an der ganzer Belsch, schonn an der Zäit vum Feudalsystem relativ héich entwéckelt. Ëm 1830 konnt een e bal perfekten Zoustand bemierken. D'Agrarstrukturen hate sech optimal un déi geologesch, ekonomesch an demographesch Zoustänn ugepasst, och wann déi vun enger Géigend zu der anerer zimmlech verschidde waren. D'ländlech Géigende ware ganz variéiert, an d'Haaptënnerscheeder louchen an der Gréisst vun de Betriber, sou wéi och an der Intensitéit vun de Kulturen oder vun der Véizuucht. D'Landwirtschaft hat op jiddwer Fall eng wichteg Plaz an der Ekonomie vun de wallounesche Provënzen an d'Ëffentlech Hand war bestrieft fir der landwirtschaftlecher Produktioun weiderzehëllefen. Sou gouf 1834 de Conseil supérieur de l'agriculture gegrënnt, deen ënner sengem Hutt d'provënzial a kantonal Strukture sollt zesummebréngen, déi sech op hirem Niveau sollten ëm d'Verbreede vun den Neiegkeeten an der Agrarwëssenschaft bekëmmeren. 1846 gouf eng Statistik opgestallt an där déi verschidden Terroiren erfaasst goufen. Aus där goung ervir datt am Arrondissement Nivelles am Hainaut knapps 1 % vun der landwirtschaftlecher Fläch brooch louch, woubäi d'Provënze Léck an Namouer 15 respektiv 12 % Broochen affichéiert hunn. An der Provënz Lëtzebuerg war d'Situatioun net grad sou gënschteg. Op villen Terrainen hat d'Heed iwwerhand geholl, a vill Fläche goufen net ageséit, sou datt 40 % vun der méiglecher Fläch net fir Kulture benotzt gouf. E groussen Deel dervu gouf allerdéngs benotzt fir Véi drop lafen ze loossen, wat eng Erklärung fir den héije Véibestand vun deemools an där Provënz ass.

D'Gesetz vum 25. Mäerz 1847 iwwer den Défrichement vun de Gemengenterrainen huet d'landwirtschaftlech Fläch an d'Luucht gedriwwen an de Bau vun neie Stroossen hunn d'Erbäibrénge vun Dünger méi einfach gemaach. De Staat huet an de Provënzen Namouer, Léck a Lëtzebuerg Subside op den Transportpräisser vum Kallek ginn. Wéi 1850 de Ministère dunn och nach eng Campagne fir den Drainage lancéiert huet, sinn eng Hellewull Rouerfabrécken, besonnesch am Hainaut aus dem Buedem geschoss.

Déi meescht Proprietären, hunn ausser an der Provënz Lëtzebuerg, hiert Land net selwer bewirtschaft. Am Hainaut goufe ronn 70 % vun de Lännereie vu Piechter exploitéiert. De Kärenubau war e rentabelt Geschäft a vun 1840 un sinn d'Präisser stänneg an d'Luucht gaangen. D'Gromperekränkt vun 1850 hat besonnesch d'flämesch Regioun betraff, wat de Kärebaueren a Wallounien e schéine Profit bruecht huet. Den demographesche Wuesstem an d'Verbesserung vum Liewensstandard, hunn de Baueren e gutt Akommes garantéiert, an dat trotz der sensibler Vergréisserung vun der Fläch fir Kärenubau, déi tëscht 1846 an 1865 vu 415.000 ha op 481.000 eropgaange war. De Flues gouf als Industrieplanz besonnesch am wallounesche Brabant ufanks der 1860er Joren ugebaut. D'Schofszuucht hirersäits gouf en Affer vun der Reduktioun vun de Broochen an Dréischen a vun der Woll aus Südamerika, déi trotz der méi schlechter Qualitéit mat Succès vun den Textilfabrikante vu Verviers scho virun 1860 veschafft gouf. Ënner dem Asaz vun Dampmaschinnen huet de Päerdshandel gelidden, an de Manktem u Grompereflächen huet en Abroch bei der Schwéngszuucht mat sech bruecht.

An d'Mëtt vun den 1850er Jore fällt och den Ufank vun der Mecanisatioun an der Landwirtschaft. Sou goufen 1856 scho méi wéi 400 Dreschmaschinne gezielt, woubäi der méi wéi 150 aleng an der Provënz Lëtzebuerg waren. D'Séimaschinnen hunn e groussen Zäitgewënn mat sech bruecht, an duerch d'preziist Séie gouf manner Som verbëtzt. Ëm 1860 sinn déi éischt Méimaschinnen opgedaucht. D'Zockerindustrie déi vun ëm 1870 eng fest Plaz am Industriesecteur hat, hat eng Ubaufläch vu ronn 20.000 ha déi zu bal 75 % fir den Export geschafft hunn.

Industrie
änneren
Entwécklung vun de Verbindungsweeër
änneren

D'Industriell Revolutioun déi ëm 1740 agesat huet, war net méiglech ouni e groussen Ëmschwong am Transportwiesen. Am Stroossebau war viru 1740 net vill geschitt. Déi rar Chausséen, domat waren an der Belsch déizäit, déi pawéiert Stroosse gemengt, gounge vu Bréissel op Mons a Charleroi, op Namouer iwwer Genappe an op Léck. Dozou koum nach eng Transversale vun Tournai iwwer Ath a Mons op Binche an d'Verbindung Arel-Lëtzebuerg. Fir de Rescht gouf et südlech vun der Haine, der Sambre an der Meuse keng gutt befuerbar Weeër. Et huet bis zur Herrschaft vun der Maria Theresia an duerno vum Joseph II. gedauert, ier d'Verbindungsweeër ugefaangen hu sech weider z'entwéckelen. Den Haaptmotor war dobäi am Ufank de regionalen ekonomesche Besoin. Sou huet zum Beispill d'Achs Mons - Valenciennnes - Saint-Ghislain - Barry - Le Rœulx - Soignies just den Uspréch vum Kuelentransport entsprach. Dat selwecht huet fir de Streech rondrëm Charleroi gegollt. Um Enn vum Ancien Régime hat just d'Stad Namouer, de Borinage, d'Géigend ëm Charleroi an d'Regioun Verviers-Léck e modernt Stroossennetz, mat engem zweete Virdeel datt se och nach laanscht schëffbar Flëss louchen an doduerch d'Haaptplaze ware vun der wallounescher Virherrschaft an der Industrie. D'Stéifkand bei deem Ganze war Lëtzebuerg. D'Strooss vu Lëtzebuerg op Namouer déi 1772 opgoung, war déi eenzeg direkt Verbindung mat Holland, woubäi och nach Westgrenz vum Prënzbistum Léck déi hat misse respektéiert ginn, hire Parcours zimmlech chaotesch gemaach huet. Am Ufank vun der franséischer Herrschaft gouf sech net vill ëm en neit Stroossennetz beméit, déi al Weeër goufe just an d'Rei gesat. Fir d'Kuelen an déi franséisch Gebidder ze bréngen, gouf mol fir d'éischt mam Bau vum Kanal Mons-Condé 1807 ugefaangen. D'Hollännesch Herrschaft huet duerno méi Aktivitéit gewisen, woubäi déi Kéier d'Ardennen net am Stach gelooss goufen. D'Neesaféiere vun de Mauten huet d'Initative fir de Stroossebau bei de Gemengen a Provënzen ugestëppelt. D'Feeler vun Ancien Régime op den Tracéë goufen eliminéiert, an déi méi kleng Stied krute korrekt Uschlëss un déi grouss Achsen. Fir d'Schëfffaart gouf och en ettleches geschaf, sou de Kanal Pommerœul-Antoing (1823-1827) an d'Kanalistioun vun der Sambre (1825-1829. De Meuse-Musel-Kanal gouf ugefaangen an um Kanal Charleroi-Bréissel goung de Bau 1827 lass.

Technesche Fortschrëtt
änneren
 
Monument zu Jemeppe-sur-Meuse als Erënnerung un déi éischt Dampmaschinn déi den John O'Kelly, um europäesche Festland installéiert huet.

Fir d'wallounesch Géigend déi scho konnt op eng gutt industriell Vergaangenheet zeréckkucken a qualifizéiert Handwierker an Aarbechter hat war op fir all nei Changementer a stoung sou an der éischter Rei bei dem inndustriellen Opschwonk an der Belsch a souguer um europäesche Kontinent.

  • Kuelegrouwen - Feierpompel an Dampmaschinn

Mat der sougenannter Feierpompel - déi éischt war scho 1721 zu Jemeppe-sur-Meuse a Betrib geholl ginn - goufen d'Exploitatiounen no an no onofhängeg vun der Wand- a Waasserkraaft. Se gouf haaptsächlech a Kuelegrouwen agesat fir d'Waasser aus de Pëtzer ze pompelen, wou s'eng wichteg Roll bei der Entwécklung vun de Grouwe gespillt huet, well sou d'Wasser aus vill méi groussen Déifte konnt gepompelt ginn (iwwer 200 m amplaz ronn 75 virdrun). Ëm 1740 gouf eng Handvoll sou Pompelen am Borinage gezielt, ëm 1800 waren et der véierzeg an 1810 goufen aleng am Kuelerevéier vu Jemappes sechsavéierzeg Stéck gezielt. No an no koumen am Ufank vum 19. Joerhonnert d'Watt-Maschinnen an de Gebrauch déi eng mechanesch Förderung vun de Kuelen erméiglecht hunn. Déi éischt dervu stoung zu Quaregnan bei engem Pëtz vun der Grouf Rieu du Coœur, déi iwwregens mat 1376 m den déifste Pëtz am Borinage hat. D'Dampmaschinne goufen och agesat fir d'Grouwen ze belëften. Lues a lues hunn och aner Industriebranchen ugefaangen d'Dampmaschinnen ze benotze fir Gebléiser an déi déck Himmer unzedreiwen. D'Fonderie impériale fir Kanounen zu Léck war 1802 den éischte Betrib deen eng Dampmaschinn am Sënn wéi mer se haut kennen, am Asaz hat. E puer Joer duerno ware Wiewereien a Spënneréien am Dall vun der Vesdre och mat sou Maschinnen ekipéiert.

Entwécklung vun der Kueleproduktioun
Verglach vun de Joren 1810-1811 (ënner franséischem Regime) an 1828-1829 (ënner hollänneschem Regime)
Departement Jemappes Ourthe Sambre-et-Meuse Total
1810-1811 900.000   (71,0 %) 350.000   (27,6 %) 15.000   (1,4 %) 1.265.000  
Provënz Hainaut Léck Namur Total
1828-1829 1.750.000   (73,9 %) 570.000   (24,1 %) 45.000   (2,0 %) 2.365.000  
  • Glasfabrécken:
  • Mecanisatioun vun der Duchfabrikatioun

Mecanisatioun an der Duchfabrikatioun huet 1799 zu Verviers ugefaangen wéi den Englänner William Cockerill e Kontrakt mat den Duchfabrikanten Simonis a Biolley gemaach huet, fir hinne modern Kardéier- a Spannmaschinnen ze liwweren. Tëscht 1800 an 1810 goufen d'Apretéiermaschinnen entwéckelt, d'Laineuse gouf erfonnt a mechanesch Schéieren koumen an den Asaz fir d'Woll ze schieren. Déi eigentlech Tondeusë koume vun 1822 un an den Asaz.

  • Kuelen a Kock

Bis an d'Mëtt vum 18. Joerhonnert gouf fir d'Veraarbechte vum Eisen, d. h. d'Reduzéiere vum Eisenäerz an den Affinage vum Goss, ëmmer Holzkuele gebraucht, well d'Steekuele beim Verbrennen am Kontakt mam Eisen, schiedlech Stoffer wéi z. B. Schwiefel iwwerdroen hunn, an d'Eisen da brécheg gouf. Just d'Englänner haten et fäerdegbruecht fir d'Kuel z'entschwiefelen an de Quaker Abraham Darby hat 1709 fir d'éischt eng Coulée mat engem Héichuewen ze maachen de mat Kock befeiert gouf.

Um Kontinent hu bis dohin d'Käschte fir d'Holz 50 % vun de Produktiounskäschten ausgemaach an d'Holz gouf sou rar datt de Präis tëscht 1766 a 1780 ëm déi 36 % an d'Luucht goung.

1768 war den Dokter a Schmelzenhär Jean-Philippe de Limbourg op enger Studierees an Däitschland déi hien op Wonsch an op Käschte vum Prënzbëschof Charles-Nicolas d'Oultremont gemaach hat, fir sech iwwer industriell Fortschrëtter z'informéieren. Zu Sulzbach hat hien dem Stroossbuerger Roederer, deen do an der Schmelz experimentéiert huet fir Kock ze maachen, nogekuckt an huet duerno a senger Schmelz zu Theux probéiert fir säi Wëssen ëmzesetzen. Hien huet dat awer ni richteg op d'Schinn kritt, grad sou wéineg wéi de Stanislas Desandrouin zu Charleroi an anerer déi zu Léck experimentéiert hunn. De Goss dee si produzéiert hunn huet sech schlecht verschaffe gelooss. Um Enn vum Joerhonnert hate sech d'Technike fir gebotzt Kuelen ze produzéieren zwar vill verbessert, awer d'Holzkuel war nach ëmmer d'Haaptbrennes bei der Eiseproduktioun. Dat louch awer net aleng um Kock, mä och un den Héichiewen déi de Kock net richteg verdaut hunn. Eréischt 1822-23 gouf zu Seraing déi éischt Gosscoulée gemaach déi integral mat Kock produzéiert gi war an zwar an engem Héichuewe vu Cockerill dee mat Hëllef vum schottteschen Industriellen David Mushet gebaut gi war. Aner met Kock bedriwwen Héichiewen goufen dunn Enn der 1820er Joer bal iwwerall am Hainaut gebaut. ëm déi Zäit gouf och Piddeltechnik agefouert, an déi éischt Walzstroosse sinn entstanen. Dat éischt Walzwierk fir Blech ze walzen hätt am Dall vun der Hoëgne gestanen. An der Zäit vum franséische Regime hunn d'Eisespleckereie laanscht d'Ourthe zu Tilff, Colonster, a Sauheid d'Splécke vun de Barren opginn, a mat Walzen ugefaangen. Am Hainaut krut de Gauthier-Puissant Maire-adjoint vu Charleroi, 1812 d'Autorisatioun fir an der Forge Saint-Éloi am Dall vum Ruisseau d'Acoz e Walzwierk mat 2 Zylinderen an zwéin Iewen opzeriichten, déi nëmme mat Steekuelen oder anerem mineraleschem Brennmaterial sollte befeiert ginn[3].

Ekonomie

änneren

Am Joerzéngt tëscht 2010 an 2020 ass d'Ekonomie vun der wallounescher Regioun am Schnëtt all Joer ëm 0,6% gewuess. Dat war manner wéi an der flämescher Regioun (+1%) a méi wéi an der Haaptstadregioun Bréissel (+0,2%).[4]

2020 louch de PIB vu Wallounien bei 106 Milliarden Euro. D'Joer virdrun, virun dem negativen Impakt, deen d'Coronaviruspandemie op d'Weltwirtschaft hat, louch en nach bei 111 Milliarden Euro.[5] Pro Awunner louch de PIB a Wallounien am Joer 2020 bei 29.043 Euro, géigeniwwer 40.027 Euro a Flanderen an 68.364 Euro an der Regioun Bréissel.[4]

Wann een déi ënnerschiddlech Kafkraaft an de verschiddenen EU-Länner berücksichtegt, da war de wallounesche PIB am Joer 2020 mat 26.000 Euro pro Awunner ongeféier de selwechte wéi dee vun engem Litauer oder engem Zypriot, wärend dee vun engem Flammänner, deem vun engem Däitsche geglach huet an dee vun engem Bréisseler zu den héchsten an der EU gehéiert huet.[4]

Wann een déi wallounesch Provënzen ënnerenee vergläicht, dann huet de wallounesch Brabant kloer deen héchste kafkraaftberengegte PIB. Et ass déi eenzeg Provënz, déi iwwer dem EU-Duerchschnëtt läit. D'Provënz Lëtzebuerg huet de schwächsten Index vun de fënnef wallounesche Provënzen.[4]

Bekannt Wallouner

änneren

Zu de bekannte Persounen, déi a Wallounien gebuer sinn, gelieft a geschafft hunn zielen ënner anerem:

Literatur

änneren
  • Léopold Génicot, Histoire de la Wallonie; Toulouse (éditions Privat), 1973.
  • Hervé Hasquin, René Lejeune & Jacques Stiennon (ënner der Leedung vun), La Wallonie. Le pays et les hommes; 6 Bänn; Bréissel (La Renaissance du Livre), 1975-1981.

Um Spaweck

änneren
Commons: Wallounien – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. Gilles le Muisit, Annales, 1349-1352
  2. Chambon, R. L'Histoire de la verrerie en Belgique du IIe siècle à nos jours, Bruxelles, Librairie encyclopédique 1955
  3. Dekreet vum Napoleon den 10. Mäerz 1812, am Journal des Mines
  4. 4,0 4,1 4,2 4,3 iweps.be: Produit intérieur brut par habitant - Le PIB par habitant en Wallonie en standard de pouvoir d’achat (SPA) en 2020, était de 26 000 € (1. Juni 2022)
  5. Eurostat: Bruttoinlandsprodukt (BIP) zu laufenden Marktpreisen nach NUTS-2-Regionen (lescht Aktualiséierung: 18. Abrëll 2022)