Charles Michel

belsche Politiker

De Charles Michel, gebuer den 21. Dezember 1975 zu Namur, ass e belsche Politiker vun der liberaler Partei Mouvement réformateur (MR). Hien ass zanter dem 1. Dezember 2019 President vum Europäesche Conseil. Enn Mäerz 2022 sinn d'Memberstaate sech eens ginn, säi Mandat vum 1. Juni 2022 bis den 30. November 2024 ze verlängeren.[1] Virdru war hie vum 11. Oktober 2014 bis Oktober 2019 Premierminister vun der Belsch, déi puer lescht Méint just faisant fonction.

Charles Michel
Gebuer 21. Dezember 1975
Namouer
Nationalitéit Belsch
Educatioun Université libre de Bruxelles,
Universiteit van Amsterdam
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei Mouvement réformateur

Vun 2000 bis 2004 war de Charles Michel wallouneschen Inneminister a vun 2007 bis 2011 federale Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht (ënner de Premiere Guy Verhofstadt, Yves Leterme (zweemol) an Herman Van Rompuy). Am Februar 2011 huet e säi Ministeramt néiergeluecht fir President vum MR ze ginn. Hie war weiderhin zanter 2000 Member vum Gemengerot vu Wavre an zanter 2006 Buergermeeschter vun do (empéché, wärend senge Ministeschämter).

De Charles Michel ass de Jong vum Politiker Louis Michel.

Um Spaweck änneren

Commons: Charles Michel (politician) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Charles Michel als EU-Ratspräsident wiedergewählt." wort.lu, 24.03.2022.