D'Gaume ass de romaneschen Deel vum belsche Loutrengen.

Torgny, eng Uertschaft an der Gaume.

D'Géigend läit a Wallounien am äusserste Süde vun der Provënz Lëtzebuerg op der Grenz mat Frankräich.

Am Süden an am Weste stéisst d'Gaume a Frankräich un d'Departementer Meurthe-et-Moselle, Meuse, an Ardennes.

An der Belsch gëtt se am Norden ofgegrenzt vun enger geduechter Linn déi sech vun der belsch-franséischer Grenz bei Bouillon no Osten iwwer Chiny bis op Habich zitt, a vun do dann no Süde bis op Halanzy.

Déi Nord-Süd-Linn trennt d'Gaume vum Areler Land, dem germaneschen Deel vum belsche Loutrengen.

D'Haaptstad vun der Gaume ass Virton.

Um Spaweck änneren

Commons: Gaume – Biller, Videoen oder Audiodateien