Pierre Rapsat

belsche Sänger

De Pierre Rapsat gebuer zu Ixelles den 28. Mee 1948 a gestuerwen zu Verviers den 20. Abrëll 2002 war e belsche Chansonier a Rocksänger.

Pierre Rapsat
Gebuer 28. Mee 1948
Ixelles
Gestuerwen 20. Abrëll 2002
Verviers
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Sänger, Lidderschreiwer, Gittarist, Liddermécher

1976 hat hien d'Belsch beim 21. Eurovision Song Contest zu Den Haag vertrueden a war do mam Lidd Judy et Cie op déi aacht Plaz komm.

Liewen a Karriär änneren

Wéi de Pierre Rapsat zéng Joer al war, si seng Elteren op Verviers geplënnert, wou hien dunn och wunne blouf. Nodeems hie mat verschiddene Gruppen opgetruede war, huet hien 1973 eng Solocarrière ugefaangen. Säi markante Stil tëscht Chanson a Rock huet gefall, awer et ass am Ufank net duergaange fir den Duerchbroch als Interpret ze schafen. Nodeems hien 1976 beim Eurovisounsfestivall zu Den Haag opgetruede war, gouf et roueg bis hien 1982 mam Album Lâchez les fauves mat 30.000 verkaaften Disquen den éischte gréissere Succès hat.

Duerno huet hien onermiddlech virugeschafft a war bal op all Bün an der wallounescher Belsch ze gesinn. Seng éischt Tournée a Frankräich war eng Katastroph, mä wéi hien zu Bordeaux beim Joresfest vun der École supérieure de commerce konnt optrieden, huet hie säin éischte Succès op franséische Brieder verzeechent.

Den Erfolleg goung du weider mat Ligne claire a J'aime ça. Mat der Ligne claire war hien am Hierscht 1984 am Québec opgefall, a säi Lidd Décalage horaire gouf reegelméisseg um Radio lafe gelooss, warscheinlech well Montréal dran ernimmt gouf. 1986 huet säin éischte Concert am Forest National ginn. Säi gréisste Succès war 2001 mam Album Dazibao, mä hie konnt deen net laang genéissen, well hien am Abrëll 2002 wéinst enger Kriibserkrankung gestuerwen ass.

Hie läit a senger Heemechtstad um Kierfecht vun Ensival begruewen.

Discographie (Albumen) änneren

  • 1973: New York (Englesch Versioun)
  • 1973: New York (Franséisch Versioun)
  • 1975: Musicolor (Englesch Versioun)
  • 1975: Musicolor (Franséisch Versioun)
  • 1976: Judy et Cie
  • 1977: Je suis moi
  • 1978: Gémeaux
  • 1979: 1980
  • 1980: Donner tout son cœur
  • 1981: Un coup de rouge, un coup de blues
  • 1982: Seul dans la métropole (Kompilatioun)
  • 1982: Lâchez les fauves
  • 1984: Ligne claire
  • 1986: J'aime ça
  • 1988: Haut les mains
  • 1989: J'ouvre les yeux
  • 1991: J'ai besoin de nous (Kompilatioun)
  • 1992: Brasero
  • 1995: Pierre Rapsat
  • 1997: En concert : Passager d'un soir
  • 1998: Volte-Face
  • 2001: Dazibao
  • 2002: Tous les rêves

Um Spaweck änneren

Commons: Pierre Rapsat – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Portal vun der Belsch: All Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Belsch