D'Lou ass d'Schuel vu jonken Eechebeem (fr: taillis de chêne; de: Eichenniederwald). E Bësch vu jonken Eechebeem gëtt als "Louheck" bezeechent. Fréier ass d'Lou als Gierfstoff bei der Fabrikatioun vu Lieder benotzt ginn.

E Louschlëssel

Zu Lëtzebuerg, besonnesch am Éislek, huet e groussen Deel vun de Lafbëscher aus Louhecke bestanen: meeschtens louche s'an den Häng. Ëm 1900 hunn d'Louhecken nach hei eng Fläch vun 25.725 ha bedeckt.

D'Lou ass geschlass ginn. Dorënner huet ee verstan, datt d'Schuel vun de Beem mat engem besonneschen Handwierksgeschier, dem Louschlëssel, am Doloun lassgeléist ginn ass. Dës Operatioun ass als schläisse bezeechent ginn. Et war eng haart Aarbecht. De Proprietär krut d'Lou an d'Doléiner d'Holz.

D'Lou ass net nëmmen an de Lëtzebuerger Gierwereie benotzt ginn (66 Gierwereien ass et am Joer 1811 ginn), mä se gouf och exportéiert, op Eisebunnswagonen, haaptsächlech vun Ettelbréck aus.

D'Lou huet vum Ufank vum 20. Joerhonnert un d'Konkurrenz vun der Schuel vun de Quebrachobeem (Schinopsis lorentzii) aus Südamerika ze spiere kritt. An duerno sinn ëmmer méi cheemesch Salzer bei der Liederfabrikatioun benotzt ginn. 1947 goufen nach 7.810 Tonne Lou produzéiert, 1969 waren et der nach just 484. 1991 war mat 65 Tonnen en éischten Déifstand, bis 2003 ass d'Produktioun dann erëm bis ongeféier 200 Tonnen eropgaangen.[1]

An de leschte Joren ofgeliwwert Lou

änneren
Joer kg Zuel vun de Louschläisser
2016 21.900 18
2017 16.520 16
2018 19.680 17
2019 18.360 17
2020 22.920 23
2021 14.780 16
2022 19.000 20
2023 13.000 16

D'Lou gëtt all un auslännesch Gierwereie verkaaft.[2]

Den Ausdrock "Fir Lou"

änneren

Dem Fernand Theato no hätt d'Expressioun "fir Lou" säin Urspronk an de fréiere Gierwereien. Wann d'Lou geliwwert gouf, war et de Gebrauch, datt de Meeschter deenen déi d'Lou bruecht hunn, eng oder méi Tournéeën zum Beschte ginn huet. D'Expressioun "fir Lou" huet am Volleks­mond ganz einfach de Sënn kritt "fir näischt". Deen hautdesdaags geleefegen Ausdrock "fir lau" ass ofgeleet a spigelt net méi de Sënn vu fréier erëm.[3]

Literatur

änneren
  • Théato, Fernand, 2001. D'Loubridder. S. 174-177 in: Fanfare grand-ducale de Clausen - Livre d'or du 150e anniversaire 1851-2001. 327 S. Imprimerie Saint Paul SA. ISBN 2-87996-941-7. PDF

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Lou – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. Quell: Administration des eaux et forêts, 2004. Brochür: d'Louhecken zu Lëtzeburg.
  2. Quell: Kiischpelter Holzhacker Sàrl.
  3. Quell: Théato 2001 an der Literatur.