René Greisch

belschen Zivilingenieur

De René Greisch, gebuer den 18. Februar 1929 zu Stackem bei Arel, a gestuerwen den 12. Juli 2000 zu Léck, war e belschen Zivilingenieur.[1]

René Greisch
Gebuer 18. Februar 1929
Stackem
Gestuerwen 12. Juli 2000
Léck
Nationalitéit Belsch
Educatioun Universitéit vu Léck
Aktivitéit Architekt, Ingenieur
 
Viaduc vu Sécheval (1975-1979)
 
Bréck vu Lanaye (1980-1982)
 
D'École de gestion de l'université (HEC) zu Léck

Hie koum als zweetleschten an enger Famill mat 13 Kanner op Welt. Säi Papp war Aarbechter op der Eisebunn a seng Mamm Hausfra. 1939, am Alter vun nëmmen 10 Joer, an domat zwee Joer virun der Zäit, krut hien d'Erlabnes, op den Athénée royal d'Arlon ze goen, vun deem hien awer no e bësse méi wéi engem Joer erausgehäit gouf. Hie sot méi spéit: "J'ai été viré de l'Athénée d'Arlon pour un crime dont j'étais innocent. Je me suis retrouvé à Liège, chez ma soeur qui était adulte. C'était la guerre, j'y ai appris la vie."[2] Hien ass zu Léck op den Athénée des Clarisses gaangen, mä 1942 ass seng Schwëster, bei där hie gewunnt huet an déi an der Resistenz aktiv war, verhaft ginn an an e KZ geschéckt ginn. Vun do u war de René Greisch als Pensionnaire am Internat vum Athénée zu Virton bis en 1946 säi Secondaire ofgeschloss hat.[2]

Am selwechte Joer huet sech dee Siwwenzéngjäregen op der Universitéit vu Léck ageschriwwen. 1951 krut hien en Diplom am Génie civil mat enger Spezialitéit am Urbanismus. Duerno huet hien an engem Universitéitslaboratoire geschafft, deen op Stolbau spezialiséiert war. An deem Kontext huet hien och fir d'éischt Kéier beim Bau vun enger Bréck matgeschafft. Dat war 1953 eng Bréck aus Bëtong zu Moerkerke bei Bruges (warscheinlech d'Leestjesbrug) . 1955 krut hien och nach en Diplom an der Architektur.[3]

Véier Joer méi spéit huet hie seng eegen Entreprise zu Herstal gegrënnt, de Bureau d'étude Greisch.[4]

De René Greisch huet vill beim Ausbau vum wallouneschen Autobunnsnetz matgeschafft. Sou huet war hie matverantwortlech fir den 340-Meter laange Viaduc vu Sécheval (1975-1979) an fir de Viaduc vu Remouchamps, deen 1980 fäerdeg gestallt gouf an 939 Meter laang ass. Zu Lëtzebuerg huet hien un der Victor-Bodson-Bréck (1993) matgewierkt.

Och um belsche Pavillon op der Weltausstellung am Joer 2000 zu Hannover huet hie matgeschafft.[5]

De René Greisch gouf e puermol präisgekréint. 1987 krut hien d'Medail vun der Universitéit vu Léck an 1889 d'Gustave-Magnel-Goldmedail. 1993 war et dunn de "Prix de l'Urbanisme de Liège" an d'Joer drop de Präis "Limburg 94".[1]

Hie war bestuet an hat zwee Kanner.

De Bureau Greisch existéiert weider a schafft u ville grousse belschen an internationale Projeten. 2015 hu fir dee Bureau 180 Persoune geschafft.[6] Zu Lëtzebuerg huet de Bureau ënner anerem un der Europäescher Investitiounsbank (2005-2008)[7], de Glasdiecher vum Cloche d'or Shopping Center (2017-2019),[8] an der Cité "Wunnen am Kloustergaart" (2017-2025) um Site vum fréiere Karmeliterinneklouschter um Zens matgewierkt [9]

Bauwierker (Auswiel)

änneren

Zu de Bauwieker, bei deenen hien oder säi Büro matgeschafft huet zielen ënner anerem:

Literatur

änneren

Referenzen

änneren
  1. 1,0 1,1 connaitrelawallonie.wallonie.be: René Greisch
  2. 2,0 2,1 Henrion, 2014, S. 17
  3. Henrion, 2014, S. 18
  4. greisch.com: À propos
  5. lesoir.be: Pas pour Namur, le pavillon belge de Hanovre Confier le Grognon à un grand architecte, même étranger... De Paliseul à Namur, via Liège, Paris et Stuttgart (21. September 2000)
  6. lesoir.be: L’œuvre de René Greisch au Grand Curtius (29. Abrëll 2015)
  7. greisch.com: BEI – Banque européenne d’investissement à Luxembourg
  8. greisch.com: Verrières de la Cloche d’Or au Luxembourg
  9. greisch.com: PAP “Wunnen am Kloustergaart – Quartier Cents au Luxembourg
  10. greisch.com: HEC à Liège
  11. greisch.com: Viaduc de la Gueule
  12. greisch.com: Hôpital MontLégia