Dëse Chimiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Eisenäerzer sinn Äerzer aus deenen Eisen (Fe) ka gewonne ginn, et si Melangen aus cheemesche Verbindunge vum Eise mat Gestengs ouni Eisen dran. D'cheemesch Verbindunge vum Eisen an den Eisenäerzer si virun allem Eisenoxider, dat heescht cheemesch Verbindungen tëscht Eisen a Sauerstoff.

Déi wichtegst Eisenäerzer si Magnetit (bis zu 72 % Eisegehalt), Hematit (bis zu 70 % Eisegehalt) a Siderit (bis zu 48 % Eisegehalt). Donieft gëtt et nach vill manner eisenhalteg Eisenäerzer, z. B. zu Lëtzebuerg d'Minett (bis zu 37 % Eisegehalt).

Reduktioun vun der Minett am Héichuewen

änneren

Am Héichuewe gëtt dem Eisenoxid duerch eng cheemesch Reaktioun mat Kuelestoff a Kuelemonoxid de Sauerstoff entzunn. Déi Reaktioun, bei där de Sauerstoff entzu gëtt, nennt ee Reduktiouns-Oxidatiouns-Reaktioun.

Dobäi ginn och aner Oxider, zum Beispill Mangandioxid a Siliziumdioxid, reduzéiert. Weiderhin hëlt d'Eise Kuelestoff op. Dofir entsteet am Héichueweprozess kee rengt Eisen, mä Réieisen, dat mat Kuelestoff, Silizium, Mangan, Phosphor a Schwiefel veronrengegt ass. No deem Reduktiounsprozess kann aus dem Eise Stol produzéiert ginn.

Eisenäerz zu Lëtzebuerg

änneren

Zu Lëtzebuerg kënnt Eisenäerz an zwou Forme vir:

Um Spaweck

änneren
Commons: Eisenäerzer – Biller, Videoen oder Audiodateien