Franséisch Communautéit vun der Belsch
Dëse Geographiesartikel iwwer d' Belsch ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Déi Franséisch Communautéit vun der Belsch (franséisch: Communauté française de Belgique) ass mat ronn 4,5 Millioune Leit déi zweetgréisst vun den dräi Communautéiten an der Belsch. Zënter 2011 nennt si sech selwer Fédération Wallonie-Bruxelles; dësen Term ass awer net dee vun der Verfassung.
Franséisch Communautéit vun der Belsch | |
---|---|
Land | Belsch |
Fläch | 16.151 km² |
Websäit | https://www.federation-wallonie-bruxelles.be/ |
Zu hir gehéiere 4,5 Millioune Franséischsproocheger wourënner:
- 3,5 Milliounen, déi an der Wallounescher Regioun wunnen (d. h. praktesch all Awunner vun do, ausser deene ronn 70.000 vun den däitschsproochege Gemengen, déi zu der däitschsproocheger Communautéit zielen) an déi frankophon Awunner vun de Facilitéitegemengen;
- méi wéi 1 Millioun, déi an der Haaptstadregioun Bréissel wunnen (op 1,2 Millioun Awunner).
Wéi den Numm et seet, bezeechent dës Communautéit net en Territoire, mä eng Gemeinschaft vu Leit déi a Wallounien oder an der Haaptstadregioun Bréissel wunnen. Déi belsch Verfassung huet d'Kompetenze vun de Communautéiten op de Grenze vun de Regioune festgeluecht; d'Franséisch Communautéit huet deemno keng Kompetenz fir déi geschaten 100.000-200.000 franséischsproocheg Awunner a Flandern – an ëmgedréint.
Deemno zielen eng 41% vun der belscher Gesamtbevëlkerung zu der Franséisch Communautéit.
D'Franséisch Communautéit huet e Parlament an eng Regierung, déi hire Sëtz zu Bréissel hunn. Si ass zoustänneg fir Kultur, Educatioun, Sport, Jugend a Gesondheet fir déi Frankophon an deenen uewe beschriwwenen Territoiren.
Um Spaweck
änneren
Commons: Franséisch Communautéit vun der Belsch – Biller, Videoen oder Audiodateien |