Germanesch Sproochen

Branche vun der indoeuropäescher Sproochefamill
Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel soll eng Iwwersiicht iwwer d'germanesch Sproochen ubidden. Déi däitsch Sprooch selwer gëtt an engem eegenen Artikel behandelt.

D'germanesch Sprooche sinn eng Branche vun der indoeuropäescher Sproochefamill. Si bestinn aus ronn 20 Sprooche mat ongeféier 500 Millioune Mammesproochler.

D'germanesch Sproochen

E charakteristesche Phenomeen vun alle germanesche Sproochen ass d'Verännerung am Konsonantismus vun der germanescher Lautverrécklung – eppes, dat et an aneren indoeuropäesche Sproochen net gëtt.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Lieweg germanesch Sproochen änneren

  • Englesch (English, weltwäit 360–400 Millioune Mammesproochler)
  • Däitsch (Deutsch, ronn 90 Millioune Mammesproochler gréisstendeels an den däitschsproochege Länner)
  • Hollännesch (Nederlands, ronn 23 Millioune Mammesproochler an den hollänneschsproochege Länner)
  • Schweedesch (Svenska, ronn 9,1 Millioune Mammesproochler a Schweden an a Finnland)
  • Afrikaans (Afrikaans, ronn 7,1 Milliounen a Südafrika an an Namibien)
  • Dänesch (Dansk, ronn 5,5 Milliounen an Dänemark, Grönland, op Färöer an an Däitschland)
  • Norwegesch (Norsk, ronn 5 Milliounen an Norwegen)
  • Jiddesch (ייִדיש, manner wéi 1,5 Milliounen an Europa, Israel, an den USA an a Russland)
  • Limburgesch (Limburgs, ronn 1,3 Milliounen an Holland an an der Belsch)
  • Nidderdäitsch (Plattdüütsch, 1–2 Milliounen an Däitschland, Holland, Dänemark an an Nord- a Südamerika)
  • Westfrisesch (Frysk, ronn 470.000 Mammesproochler an Holland)
  • Lëtzebuergesch (ronn 390.000 Mammesproochler zu Lëtzebuerg an an der Belsch)
  • Islännesch (Íslenska, ronn 331.000 Mammesproochler an Island)
  • Scots (Scots, ronn 125.000 Mammesproochler a Groussbritannien)
  • Färöesch (Føroyskt, ronn 66.000 Mammesproochler op Färöer)
  • Nordfrisesch (Nordfriisk, ronn 10.000 Mammesproochler an Däitschland)
  • Elvdalesch (Övdalską, ronn 2.400 Mammesproochler a Schweden)
  • Fersentalesch (Bersntoler Sproch / Mòcheno, manner wéi 1.900 Mammesproochler an Italien)
  • Saterlandfrisesch (Seeltersk, den eenzege liewegen Ostfriseschen Dialekt mat ronn 1.000 Mammesproochler an Däitschland)
  • Zimbresch (Zimbar / Tzimbar / Zimbrisch / Tàuć, ronn 400 Mammesproochler an Italien)
  • Wilamowiceësch (Wymysiöeryś, 70–100 Mammesproochler a Polen)