Tournai

Belsch Gemeng a Stad

Tournai ass eng belsch Stad am Hainaut. Si krut den Titel Stad duerch en Arrêté Royal vun 1825.

Tournai
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Provënz Hainaut
Arrondissement Tournai
Awunner 69.554 (1. Januar 2018)
Fläch 21.375
Koordinaten 50° 36’ 21’’ N
      03° 23’ 18’’ O
Telefonszon 069
Postcode 7500
Websäit https://www.tournai.be
De Pont des Trous

Geschicht änneren

Vun Tournai ass bekannt datt et ëm d'Joer 50 um lénksen Uwänner vum Escaut gegrënnt gouf. Et louch op engem Kiem dee vu Köln op Boulogne gaangen ass. Et war schonn deemools eng Stad déi Handel mat Woll, Kären a Steng bedriwwen huet.

Géint 150 gouf et e puermol vun de Barbaren iwwerfall an ausgeraumt, bis am 4. Joerhonnert d'Awunner decidéiert hunn, Mauere ronderëm ze bauen.

Ëm 431 ass d'Stad an d'Hänn vun de Salier gefall, déi do hir Dynastie gegrënnt hunn. Domat gouf Tournai eng Kinneksstad, wou noeneen de Clodion, de Merowech, de Childeric an de Clovis gewunnt hunn.

Dee leschtgenannten huet säi Kinnekräich iwwer ganz Frankräich vergréissert, an d'Haaptstad op Paräis verluecht.

Zur selwechter Zäit huet hien den Eleuthère op de Bëschofsstull vun Tournai gesat, deen do sou gutt eng reliéis wéi politesch Roll gespillt huet. Et war och den Eleuthère deen déi éischt Kathedral zu Tournai baue gelooss huet.

Vun 880 u waren d'Normannen d'Meeschteren an der Géigend, si hunn och d'Feudalrecht agefouert. De Charles de Plakkapp huet dem Bëschof all seng Rechter iwwerdroen, deen domat de grousse Chef op der Plaz gouf. De Bistum Tournai hat an deem Moment ganz Flandren am Sak, an huet en zolitte Profit doraus gezunn. Déizäit gouf och déi drëtt Kathedral gebaut, déi haut nach eng Attraktioun zu Tournai ass.

De grousse Wuesstem, verbonne mat dem Räichtum huet eng nei Sozialklass entstoe gedoen, déi vun den Händler. Dës hunn och geschwënn méi Onofhängegkeet reklaméiert. Si hunn och en oppent Ouer beim franséische Kinnek fonnt an 1178 huet de Philippe-Auguste der Stad e Fräiheetsbréif ginn, a se domat anengems un d'franséisch Kroun gebonnen huet.

Tournai hat dunn eng Zäit wou alles ronn gedréint huet, bis zu den demokratesche Revolutiounen am Ufank vum 15. Joerhonnert, wéi sech géint d'Virherrschaft vun der Bourgeoisie gestäipt gouf.

Am 16. Joerhonnert hunn d'Englänner ënner dem Henry VIII. d'Stad besat, awer kuerz duerno gouf se vum Charles Quint un d'Nidderlanden ugeschloss.

D'Reliounskricher an der Mëtt vum 16. Joerhonnert hunn awer dunn eng Dekadenz mat sech bruecht, a 1667 gouf Tournai erëm vum Louis XIV. fir Frankräich ënner Beschlag geholl, an aus Tournai gouf eng Festungsstad. De Louis huet eng Zitadelle baue gelooss, an en huet den Escaut kanaliséiere gelooss. En huet der Stad och e Parlament ginn, an huet vill nei Haiser baue gelooss.

D'18. Joerhonnert stoung Tournai praktesch déi ganzen Zäit ënner der Herrschaft vun Éisträich. Déi Zäit gouf mat der Installatioun vu Parzeläinsfabrécken a vun Teppechwiewereien probéiert, fir eng ekonomesch Relance ze kréien.

Wärend der franséischer Revolutioun gouf Tournai un den Hainaut ugeschloss, wou et haut och nach ass.

Am Zweete Weltkrich hat d'Stad der nach e puer fermer ëm d'Ouere kritt. Iwwer 5000 Haiser goufen zerstéiert. D'Stad huet sech awer séier erkritt an ass haut eng Stad déi bekannt ass fir hir vill Konschtwierker a schéi Gebaier.

Kuckeswäertes änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Tournai – Biller, Videoen oder Audiodateien