Den Henri-Alexis Brialmont gebuer de 25. Mee 1821 zu Venlo, a gestuerwen zu Sint-Josse-ten-Noode den 21. Juli 1903, war ee belsche Generol, Arméisingenieur, an Deputéierten an Auteur vu Saachbicher.

Henri-Alexis Brialmont
Gebuer 25. Mee 1821
Venlo
Gestuerwen 21. Juli 1903
Saint-Josse-ten-Noode - Sint-Joost-ten-Node
Nationalitéit Belsch
Educatioun École royale militaire
Aktivitéit Politiker, Militäringenieur, Saachbuchauteur, Offizéier, Schrëftsteller, Architekt

Seng Eltere waren de Generol Mathieu Brialmont an d'Anne-Marie Vervins. Hie war den Neveu vum Generol Nicolas Brialmont, an de Brudder vum belschen Ingenieur Hubert Brialmont.

Den Henri-Alexis Brialmont, och de belsche Vauban genannt, hat tëscht 1888 an 1891 d'Conceptioun vun de Forts de la Meuse gemaach, dorënner de Festungsrank vun Namouer, de Lécker Festungsrank, an e puer Festungen ëm Antwerpen, zu deenen d'Festung Fort de Breendonk gehéiert huet, déi am Zweete Weltkrich vun den Nazien als Auffangslager benotzt gouf.

Hie war och de Concepteur vum Fort de Shinkakasa zu Boma am deemolegen Onofhängege Kongostaat, der haiteger Demokratescher Republik Kongo.

Säi franséischt Géigestéck war de Generol Séré de Rivières, deen ë. a. de Fort vu Villey-le-Sec an de Fort de la Pompelle, déi zum Befestegungssystem dat no him genannt gouf gehéiert hunn, gebaut hat, an op der preisescher Säit war et den Hans Alexis von Biehler de Papp vun de Biehler-Festungen.

Wierker änneren

  • Œuvres militaires de Simon Stevin, (1845)
  • Sur la construction des magasins à poudre, (1849)
  • Éloge de la guerre, ou réfutation des Amis dela paix, (Juli 1849)
  • De la guerre, de l'arméeet de la garde civique, (November 1849)
  • Considérations politiques et militaires sur la Belgique (3 Bänn, Bréissel, 1851-1852)
  • Précis d'art militaire, (Bibliothèque populaire, 1854)
  • Histoire du duc de Wellington (3 Bänn, 1856-1857)
  • 1850,huet de Brialmont de Journal de l'armée belge gegrënnt.
  • Am Spectateur militaire huet hien och eng sëllegen Artikele publizéiert.

Literatur änneren

  • Lebrun, G. (dir.): Grandes figures de la Belgique indépendante. 3e éd. A. Bielefeld, Bruxelles 1936, 555 S. (Le Lieutenant-Général Brialmont, 1821-1903, S. 509f.).