Albert Mockel
belsche Schrëftsteller a symbolistesche Poet
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Albert Mockel, gebuer de 27. Dezember 1866 zu Ougrée an der Gemeng Seraing, a gestuerwen den 30. Januar 1945 zu Ixelles, war e belsche Schrëftsteller a symbolistesche Poet.
Albert Mockel | |
---|---|
Gebuer |
27. Dezember 1866 Ougrée |
Gestuerwen |
30. Januar 1945 Ixelles |
Nationalitéit | Belsch |
Aktivitéit | Dichter, Schrëftsteller, Literaturkritiker |
Hie war Member vun der Académie royale de langue et de littérature françaises.
Hien huet sech fir d'wallounesch Sprooch agesat a matgehollef d'Schreifweis dovun opzestellen.[1]
Schonn als Student hat hien ugefaangen d'Zäitschrëft La Wallonie erauszeginn, déi vun 1886 bis 1892 erauskoum. Vun 1890 bis nom Éischte Weltkrich huet hien zu Paräis gelieft. Wéi hien an d'Belsch zeréckkoum gouf hie Conservateur am Musée Wiertz.
Wierker
änneren- 1887: Les Fumistes Wallons
- 1891: Chantefable un peu naïve
- 1898: Stéphane Mallarmé, un héros
- 1894: Propos de littérature
- 1901: Clartés
- 1904: Charles Van Lerberghe
- 1908: Contes pour les enfants d'hier
- 1917: Émile Verhaeren, poète de l'énergie
- 1923: La Flamme stérile
- 1924: La Flamme immortelle
- 1975: Correspondance avec André Gide (posthum])
Bibliographie
änneren- Propos de littérature (1894) suivis de Stéphane Mallarmé, un héros (1899) et autres textes. Précédés d'une étude par Paul Gorceix. Éditions Honoré Champion, 2009. 1 vol., 296 p., relié. ISBN 978-2-7453-1818-3.
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ La Wallonie, son histoire. Hervé Rasquin, Éditions Luc Pire 1999