Provënz Lëtzebuerg

belsch Provënz

D'Provënz Lëtzebuerg (fr.: Province de Luxembourg; wa.: Province do Lussimbork) ass eng vun de 5 Provënzen an der Regioun Wallounien, am Südoste vun der Belsch. De Chef-lieu ass Arel.

Provënz Lëtzebuerg
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
vun der Belsch
Chef-lieu Arel
ISO 3166-2 BE-WLX
Awunner 246.820 (1. Januar 2018)
Fläch 4.439,72 km²
Arrondissementer Arel
Baaschtnech
Marche-en-Famenne
Neufchâteau
Virton
Websäit https://www.province.luxembourg.be

Geschicht

änneren

Den haitege Grand-Duché vu Lëtzebuerg an déi belsch Provënz Lëtzebuerg hunn tëscht 1815 an 1839 eng Eenheet gebilt, an zwar de Grand-Duché, sou wéi e vum Wiener Kongress geschaf gi war. Nodeem awer d'Belsch sech vum Vereenegte Kinnekräich vun den Nidderlanden onofhängeg gemaach hat, gouf de 14. Oktober 1831 zu London eng Konferenz aberuff, déi d'Grenze vun deem neie Staat sollt festleeën. D'Groussmuechten hunn do ënner anerem beschloss, Lëtzebuerg ze deelen: Dee westlechen, francophonen Deel sollt belsch ginn an nëmmen deen ëstleche, germanophone géif dem hollännesche Kinnek Wëllem I. gelooss ginn, dee jo Groussherzog vu Lëtzebuerg war (a Personalunioun). Dobäi ass allerdéngs d'Grenz e bëssen zu Gonschte vun der Belsch gezu ginn, sou datt d'Regioun vun Arel, d'Areler Land, derbäi koum, obschonns se deemools nach ganz däitschsproocheg war (oder, wat dat selwecht heescht, lëtzebuergeschsproocheg). Definitiv gouf d'Deelung dunn den 19. Abrëll 1839 am Traité vu London festgehalen.

Gouverneure vun der Provënz Lëtzebuerg

änneren

Geographie

änneren

D'Provënz Lëtzebuerg ass mat 4.443 km² déi gréisst belsch Provënz. Si huet 246.820 Awunner an ass a 5 Arrondissementer a 43 Gemengen agedeelt. Zwou grouss Landschafte leien do: d'Gaume an d'Ardennen. Den héchste Punkt mat 652 m ass d'Baraque de Fraiture.

Gemengen

änneren

D'Provënz Lëtzebuerg huet 43 Gemengen.

 

Demographesches

änneren

Nëmme 5 Gemengen hu méi wéi 10.000 Awunner

  • Arel: 24.791
  • Marche: 16.390
  • Éibeng: 14.663
  • Baaschtnech: 13.391
  • Virton: 11.009

Arrondissementer a Gemengen

änneren
Arrondissement Arel
 

Am Arrondissement Arel liewen 51.902 Awunner op 317 km².

Arrondissement Baaschtnech
 

Am Arrondissement Baaschtnech liewen 40.574 Awunner op 1.043 km².

Arrondissement Marche-en-Famenne
 

Am Arrondissement Marche liewen 50.359 Awunner op 954 km².

Arrondissement Neufchâteau
 

Am Arrondissement Neufchâteau liewen 55.598 Awunner op 1.354 km².

Arrondissement Virton
 

Am Arrondissement Virton liewen 48.387 Awunner op 771 km².

Um Spaweck

änneren
Commons: Provënz Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien