Flämesch Regioun
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der moderner Regioun Flandern. Fir aner Bedeitunge vum Wuert "Flandern", kuckt wgl. Flandern (Homonymie). |
D'Flämesch Regioun (hollännesch: Vlaams Gewest, franséisch Région flamande), dacks just nëmme Flandern (nl.: Vlaanderen, fr.:la Flandre oder les Flandres) genannt, ass eng vun den dräi Regiounen an der Belsch déi an der belscher Constitutioun festgehale goufen. D'Offiziell Sprooch ass d'Hollännesch, geschwat gi verschidde Flämesch Dialekter. Flandern huet eng Fläch vun 13.522 km², op där ronn 6 Mio. Awunner liewen. D'Institutioune vun der Flämescher Regioun goufe mat deene vun der der Flämescher Communautéit zesummegeluecht. D'Institutiounen an d'Communautéit hunn hire Sëtz zu Bréissel, dat awer net zu der Regioun Flandern gehéiert an eng eege Regioun ass.
Flandern besteet aus de Provënzen (Haaptstad): Antwerpen (Antwerpen), Ostflandern (Gent), Flämesch Brabant (Léiwen), Limburg (Hasselt) a Westflandern (Brugge). Aner wichteg Stied a Flandern si Mechelen, Kortrijk an Ostende.
Baussent der belscher Regioun Flandern gëtt et Séilännesch-Flandern an Holland an e Streech am Norde vu Frankräich déi och Flandern genannt ginn, well s'an der Zäit zur historescher Grofschaft Flandern gehéiert hunn.
GeschichtÄnneren
Déi haiteg Regioun Flandern besteet aus Deeler vun den historeschen Territoirë vun der Grofschaft Flandern, dem Herzogtum Brabant an dem Herzogtum Limburg.
Politesch StrukturÄnneren
D'Regioun Flandern besteet aus 5 Provënzen:
|
EkonomieÄnneren
De BIP ausgedréckt a Kafkraaftstandarden ass a Flandern 116.9 % (bei der Moyenne vun der EU zu 25 op 100) (2003).[1]
Flämesch KulturÄnneren
Um SpaweckÄnneren
SourcenÄnneren
Commons: Flandern – Biller, Videoen oder Audiodateien |