Seraing ass eng belsch Stad a Wallounien, an der Provënz Léck um rietsen Uwänner vun der Meuse.

Seraing
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Léck
Awunner 64.270 (1. Januar 2018)
Fläch 3.534
Koordinaten 50° 36’ 36’’ N
      05° 30’ 49’’ O
Telefonszon 04
Postcode 4100
Websäit http://www.seraing.be

Aus der fréierer Summerresidenz vun de Bëscheef vu Léck huet sech am 19. Joerhonnert eng Industriestad entwéckelt.

Seraing gehéiert haut zesumme mat Léck, Herstal, Saint-Nicolas, Ans a Flémalle zur Agglomeratioun vu Léck, déi méi wéi 600.000 Awunner huet.

Geographesches änneren

Seraing stéisst am Norden un d'Meuse, an d'Alstad mat de Schmelze läit am Dall. Am Hank dee sech no Süde bis op Boncelles eropzitt, sinn haaptsächlech Aarbechterwunnungen ze fannen, déi meeschtens a Citéeë regruppéiert sinn. Déi stoussen op der Kopp, un de grousse Bësch Bois de la Vecquée am Osten un de Bois de la Marchandise d'Arras an am Westen un de Bois de l'Abbaye an de Bois de Rognac. Am Weste läit déi natierlech Géigend Condroz.

Gemengesektiounen änneren

Boncelles, Jemeppe-sur-Meuse, Ougrée a Seraing.

Uertschaften änneren

Sclessin.

Nopeschgemengen änneren

Grâce-Hollogne Grâce-Hollogne a
Saint-Nicolas
Léck
Flémalle   Léck
Neupré Neupré Esneux

Bekannt Leit déi mat Seraing ze dinn hunn änneren

 
Stadhaus vu Seraing

Um Spaweck änneren


Commons: Seraing – Biller, Videoen oder Audiodateien