Dëse Comicsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Bédu, mat sengem richtegen Numm Bernard Dumont, gebuer den 11. Abrëll 1948 zu Ciney, ass e belsche Comicszeechner.

Bédu
Gebuer 11. Abrëll 1948
Ciney
Nationalitéit Belsch
Educatioun Universitéit vu Léiwen
Aktivitéit Ekonomist, Comicszeechner, Zeechner, Karikaturist

Nodeem hien zu Louvain op der kathoulescher Universitéit säi Studium an der Ekonomie ofgeschloss hat, huet hien dem Berck (Zeechner ë. a. vun der Comicsserie Sammy, zesumme mam Raoul Cauvin) assistéiert. Seng Karriär als Zeechner huet 1974 mat enger klenger BD am Spirou ungefaangen: Les naufragés de Jomon. Vun 1975 bis 1978 huet hien am Hebdomadaire Tintin seng éischt Fortsetzungs-BD, den Déierecomic Beany, le raton laveur publizéiert. Duerno huet de Bédu mat dem Zeenarist Charles Blareau vun 1977 u fir eng Gagserie Le P´tit Prof, a vun 1979 un, fir de Comic Ali Béber zesummegeschafft. Tëscht 1981 a 1990 huet hien - a gréisseren Ofstänn - op eegenen Zenarie seng fënnefbänneg Serie Hugo bei Lombard verëffentlecht.

Scho virdrun - 1983 - hat den Turk - dee mat Aarbecht iwwerlaascht war - dem Bédu d'Fieder fir dem Bob De Groot säi Clifton iwwerlooss. Tëscht 1986 an 1991 huet de Bédu mam De Groot 4 Geschichte vum Clifton erausginn. Déi 3 nächst Albumen huet de Bédu eleng gemaach. No engem Sammelband mat e puer Clifton-Kuerzgeschichte vu verschidden Zeechner - fir d'Lach ze stoppen - huet den De Groot d'Serie nees opgegraff a mat dem Rodrigue weidergefouert.

1993 - kuerz ier den Tintin net méi publizéiert gouf, war de Bédu bei de Spirou gewiesselt. De Raoul Cauvin war un hien erugetruede fir zesummen eng nei Serie ënner dem Titel Les Psy unzefänken. 1994 ass den éischte Band vun där Erfollegsserie erauskomm.

Wierker änneren

  • 1981-1990: Hugo (5 Bänn), Zeenarist an Zeechner
  • 1985-1987: Ali Béber (3 Bänn), Zeechner
  • 1986-1995: Clifton (7 Bänn)
  • 1992-2019: Les Psy (22 Bänn), Zeechner

Kuckt och änneren