De Maxime Prévot, gebuer den 9. Abrëll 1978 zu Mons, ass e belsche Politiker (Les Engagés).

Maxime Prévot
Gebuer 9. Abrëll 1978
Mons
Nationalitéit Belsch
Educatioun Universitéit vu Léiwen
Aktivitéit Politiker
Partei Centre démocrate humaniste, Centre démocrate humaniste

Hien ass (Stand: Mäerz 2021) zanter 2012 Buergermeeschter vun Namouer, an zanter 2019 President vu senger Partei Les Engagés (fréieren Numm: cdH).

Vun 2009 bis 2014, an dann nees 2017 bis 2019 war hie Deputéierten am wallounesche Regionalparlament. Dertëscht war hie wallounesche Minister fir Ëffentlech Bauten, fir Gesondheet, Soziales a fir Patrimoine.

2007 bis 2009 war hien Deputéierten am belsche federale Parlament.

Um Spaweck änneren

Commons: Maxime Prévot – Biller, Videoen oder Audiodateien