Et gouf virgeschloen, dësen Artikel ze läschen, an e gouf an d'Lëscht vun de Säiten déi geläscht solle ginn agedroen. Och Dir sidd invitéiert, Är Meenung dozouzeschreiwen. Grond: keng Relevanz fir Wikipedia.

D'Josyane Lemaître gebuer den 19. Mee 1958 a gestuerwen de 15. Dezember 2017[1] war eng belsch Sopranistin a lyresch Sängerin.

Josyane Lemaître
Aktivitéit Sänger

Si huet haaptsächlech klassesch (barock) Stécker gesongen an huet sech dofir beim Margit Jeremias (Ungarn), an Jill Feldmann (USA) ausgebilt. Aner Perfektiounsstagen huet si beim Ian Honeymann an David Thomas a Groussbritannien an Harry van der Kamp an Holland gemaach. Am romantesche Beräich huet si zesumme mat der däitscher Sängerin Eva Maria Leonardy-Foltz geschafft. Duerno huet si eng Formatioun beim franséische Professer Jean-Pierre Blivet gemaach a war Chouerleederin vu verschiddene klassesche Chéier an der Géigend vu Léck wéi z. B. vun den 'Erato Singers vun 2010 bis 2017.

Repertoire änneren

Pergolesi, Vivaldi, Haendel, Dumont, Marcello, Albinoni, Purcell, Bach, Telemann, Mozart, Haydn, Brahms, Schubert, Schumann, Mendelssohn, Kreutzer, Gounod.

CDen änneren

  • Fir d'Ausstellung Les dieux grecs sans feuille de vigne vum Clem Peltier huet si zesumme mat der Anne de Cleysen Stécker iwwer d'Streidereien an d'Léifte vun de Gëtter opgeholl, mat aacht Opzzeechnunge vu Brahms, Mendelssohn, Caccini a Berlioz. Um Piano de Ph. Wesemael.
  • Eng CD mat Stécker vun Haendel, Bach a Jongen. Um Piano den Emmanuel Nicoletti.

Optrëtter änneren

2001 änneren

  • Léck: Église du Saint-Sacrement (13. Mee) zesumme mam Quatuor à cordes a mam Orchestre de Chambre Orphée ënner der Direktioun vum Octavian Morea mat Wierker vun L.Chamont, R.Valentini, A.Lucio Vivaldi, W.A.Mozart, J.Haydn, L.van Beethoven, A.Caldara, D.Scarlatti an O.Morea.

Eglise du Saint Sacrement. 132, boulevard d'Avroy 4000 Liège.

2003 änneren

  • Bréissel: Vivaldi, Gloria, RV 589 ; Direktioun: Philippe Mercier.
  • Léck: Lemoine, Temple of Spirit ; Direktioun: David Lemoine
  • Léck: Haendel, Neun Deutsche Arien
  • Lëtzebuerg: Monteverdi, Confitebor tibi; Direktioun, Pierre Nimax Jr.
  • Libramont (28. September) Masse vum Schubert: Mass N°2 D167 (sol majeur) a Mass N°4 D452 (do majeur) ënner der Direktioun vun der Marie-Béatrice Nickers an an Zesummenaarbecht mat dem Vokalensemble La Tournerie an dem Orchestre mosan.
  • Bréissel: Haendel, Chandos Anthem N°11: Let God Arise; Direktioun, M. Keustermans.
  • Mat dem Orchester Izhevsk: Mozart, Requiem; Direktioun, D. Menier.

2004 änneren

  • Bréissel: Bach, Cantat BWV 85: Direktioun, Philippe Gérard.
  • Léck (14. Mäerz): Beethoven, Mass (do majeur) Gloria; Direktioun, Louis Langrée.
Dëse Concert war eng Reconstitutioun vum historesche Concert vum 22. Dezember 1808.
  • Bréissel: Pergolesi, Stabat Mater; Direktioun, Ulysse Waterlot
  • Léck:Récital vu Brahms a Schumann

2005 änneren

  • Léck: Brahms, Zigeunerlieder
  • Léck: Monteverdi, Ave Maris Stella; Direktioun, Octavian Morea
  • Verviers: Jongen, Mass, op.30 a Mendelssohn, Hymne; Direktioun, J.-Michel Allepaerts.
  • Sermizelles (Frankräich) e Mozartconcert, Auszich aus der Zauberflöte

2006 änneren

  • Léck: Schubertrecital
  • Bréissel: Bach, Cantat BWV 86 a vum Johann Hermann Schein, Die mit Tränen säen, Direktioun, Julius Stenzel
  • Léck: Mozart, Exultate Jubilate
  • Waterloo: Mozart, Zauberflöte, Papagena; Direktioun, Ulysse Waterlot
  • Herstal: Fête de la musique organiséiert vum Athénéé Royal vun Herstal, Interpretatioun vun Exultate, Jubilate (1-3) vum W. A. Mozart

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Doudesannonce an der Zeitung La Meuse