Et gouf virgeschloen, dësen Artikel ze läschen, an e gouf an d'Lëscht vun de Säiten déi geläscht solle ginn agedroen. Och Dir sidd invitéiert, Är Meenung dozouzeschreiwen. Grond: keng Relevanz, eege Recherchen ouni weider Quellen.

De Joseph Alphonse Halleux, gebuer de 15. Mee 1921 zu Seraing bei Léck a gestuerwen den 28. Januar 2015 zu Huy war e wallounesche Moler.

D'Schlass vu Chambord nuets vum Alphonse Halleux

Den Alphonse huet seng Primärschoul zu Seraing gemaach a huet mat 15 Joer eng Léier an der Konfektiounsbranche ugefaange bei den deemolege Konfektiounsatelieren- a Geschäfter La Ville de Paris, wou hie wärend 10 Joer an de Geschäfter zu Seraing an zu Jemeppe geléiert a geschafft huet. Duerno huet hien 2 Joer an engem anere grousse Konfektiounsatelier den Ateliers Georges als Responsabele fir Kostümer op d'Mooss geschafft.

An der Tëschenzäit huet den Alphonse, dee mat 12 Joer ugefaangen huet mat Molen, Unterrecht zu Léck op der Académie des Beaux Arts geholl an huet do am Joer 1935 een éischte Präis (Prix de la Reine Astrid) gemaach, deen hien och sollt vun der Kinnigin iwwerreecht kréien, wat awer duerch den trageschen Doud vun dëser just virun der Präisverdeelung net sou geschitt ass.

D'Krichsjoren huet hie bei de 1ers Lanciers de Spa als Zaldot ugefaangen an huet sech bedéngt duerch déi séier Kapitulatioun vun der belscher Arméi an deem Duercherneen deen do entstanen ass, mat 6 aner Zaldotekolleegen zu Fouss wärend 14 Deeg bis op Rouen duerchgeschloen. Leider ass en ze fréi erëm an d'Belsch zeréckkomm wou déi Däitsch hie gezoppt hunn, an en op Frankfurt um Main geschéckt hunn, wou hie fir d'Reichsbahn huet misse schaffen.

Nom Krich huet awer erëm d'belsch Arméi net labber gelooss, wou hien dann als motocycliste am Meldungsdénscht an Irland geschéckt gouf an do awer zimmlech séier Chauffer vum belsche Kommandant an Irland ginn ass.

No sengem Militärdéngscht koum hien zeréck op Léck wou hie bis zu senger Pensioun an de Geschäfter Bon Marché geschafft huet, an do als Chef de Service seng Karriär ofgeschloss huet.

Wärend senger Zäit als Reesender fir déi Firma koum hie vill an d'Areler Land an och op Lëtzebuerg. Eng Parti vu senge Biller weisen och Motiver aus der Areler Géigend a vu Lëtzebuerg, besonnesch vun der Sauer an aus dem Éislek.