De William Cockerill, gebuer 1759 am Lancashire a gestuerwen 1832 zu Oochen, war en engleschen Entreprener dee sech an der Belsch néiergelooss hat. Hien hat déi neist Erfindungen aus der Industrie vun der Insel mat op de Kontinent bruecht, a konnt doduerch e grousse Stol- a Maschinnebaukonzern opriichten.

William Cockerill
Pseudonym Billy Cockerill
Gebuer 27. Mäerz 1759
Lancashire
Gestuerwen 23. Januar 1832
Oochen
Nationalitéit Kinnekräich Groussbritannien, Vereenegt Kinnekräich, Frankräich
Aktivitéit Metallurgist, Industriellen, Geschäftspersoun, Erfinder
Famill
Kanner John Cockerill, James Cockerill, William Cockerill

Hien ass 1798 op Verviers komm an huet do bei de Stoftfabrikanten François Biolley an Ywan Simonis d'Maschinnen déi fir Textilproduktioun gebraucht goufen, besonnesch déi fir d'Woll ze kämmen, verbessert.

1807 wéi d'Kontinentalspär war huet hien zu Seraing bei Léck eng eegen Textilfabréck opgeriicht. Hien huet ugefaange Maschinne fir d'Textilfabrikatioun ze bauen, an Eisen ze verschaffen.

Bis 1817 huet hien zesumme mat senge Jongen dem John an dem James déi fir déi Zäit gréissten Eisegéisserei a Maschinnefabréck, an där ënner anerem Damplokomotive gebaut goufen, opgeriicht. Sou gouf d'Belsch no England dat éischt Land um Kontinent dat vun der Industrialiséierung profitéiert huet.

D'Gesellschaft John Cockerill wéi se spéider geheescht huet, huet 1955 mat der Firma Ougréé-Marinay a Ferblatil fusionéiert, an d'Cockerill-Ougrée ass entstanen, de gréisste Minett- a Stolproduktiounsgrupp déi Zäit an der Belsch, an ee vun de gréissten an der CECA.

De William Cockerill huet mat senger Famill laang Zäit zu Spa gewunnt. An hirem fréieren Haus ass haut d'Gemengeverwaltung vu Spa. De Familljecaveau ass och um Kierfecht vu Spa.