Haaptmenü opmaachen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Medaillon vum Hubert Brialmont op der Récksäit vum John Cockerill-Monument virun dem Stadhaus zu Seraing

Den Hubert Brialmont gebuer zu Seraing de 6. November 1807, an och do gestuerwen de 17. Juli 1885 war e belschen Ingenieur. Hie war de Brudder vum belsche Generol Henri-Alexis Brialmont.

De Brialmont deen 30 Joer zu Seraing op der Cockerill als Ingenieur geschafft huet, war als Ingenieur um Bau vun der Hänkbréck iwwer d'Meuse tëscht Seraing a Jemeppe bedeelegt. Hien hat och d'Machine du Haut-Pré bei Ans 1842 gebaut. Dat war eng grouss Dampmaschinn déi en Treuil schaffe gedo huet, fir d'Zich vun der SNCB-Linn 36 aus der Gare vu Léck iwwer de Plan incliné vun Ans, deen eng Iddi vum Henri Maus war, op d'Kopp vun Ans ze zéien.